Nodeems en Dënschdeg Déifferdeng an der Champions-League-Quali erausgeflunn ass, war et en Donneschdeg um Tour vum Stater Racing a vum F91 Diddeleng.

Racing an F91 an der Conference League eliminéiert / Rep. Gilles Tricca

Béid Formatioune konnten am Allersmatch net iwwerzeegen an hunn hir jeeweileg Matcher verluer. Deemno war fir béid Ekippen d'Hypothéik am Réckmatch héich. Dem Racing seng Hypothéik war no der 1:2-Defaite zwar net all ze héich, mä d'Stater konnten dës nawell net aléisen. Am Réckmatch muss den RFCUL sech géint Dila Gori mat 0:1 geschloe ginn, soudatt de Stater Veräin aus der Conference-League-Qualifikatioun erausflitt. An och déi Diddelenger konnten de Retard aus dem éischte Match net méi ophuelen, am Géigendeel. No 90 Minutten verléiert den F91 am Retourmatch mat 2:3 géint den andorranesche Veräin Atletic Escaldes an ass domadder eliminéiert.

F91 Diddeleng - Atletic Escaldes 2:3

0:1 Segura (34'), 1:1 Agostinho (41'), 2:1 Rotundo (71’), 2:2 Emanoel (74’), 2:3 Valero (89')

D'Spectateure kruten zu Diddeleng eng Lokalekipp ze gesinn, déi an der Ufanksphas den direkte Wee a Richtung Gol gesicht huet. Esou ass den F91 direkt zu enge sëllege Chancë komm. Mä weder dem Dinho säi Schoss aus zentraler Positioun an der 4. Minutt, nach dem Agostinho säin Distanzschoss an der 18. Minutt konnten de Wee an den andorranesche Gol fannen. Mä d'Spiller vun Atletic Escaldes hunn net nëmmen nogekuckt an hunn och heiansdo couragéiert no vir gespillt. Esou konnt an der 16. Minutt en Diddelenger no engem séiere Virstouss in Extremis virum andorranesche Stiermer klären, deen de Ball soss an den eidele Gol hätt kënne schéissen an an der 33. Minutt war et de Berlanga, deen en direkte Fräistouss just knapps nieft de Gol gesat huet. An der 34. Minutt sollten d'Andorraner dunn de Ball awer am Diddelenger Gol ënnerbréngen. De Berlanga spillt op de Segura, dee per Volley ofzitt an de Ball zum 1:0 fir seng Faarwen am Gol ënnerbréngt. Déi andorranesch 1:0-Féierung war awer just vu kuerzer Dauer, well Diddeleng an der 41. Minutt duerch en Distanzschoss vum Agostinho ausgläiche konnt. Kuerz virum Téi hate béid Ekippen nach eng Occasioun, mä um Enn konnt keng Formatioun méi e Gol markéieren, soudatt et mat engem 1:1 op den Téi gaangen ass.

No der Paus ass den F91 mat voller Vitess an déi zweet 45 Minutte gestart. Schonns an der 47. Minutt hat de Neamtiu eng gutt Chance, allerdéngs konnt den Diddelenger de Ball aus kierzter Distanz net am Gol ënnerbréngen. Kuerz drop, an der 53. Minutt, ware scho vill Leit vu Freed opgesprongen, well se de Ball schonns am Gol gesinn haten. Mä de Gavioli hat mat sengem fulminante Kappball just d'Lat zum Wackele bruecht. Deemno ass et beim 1:1 bliwwen, mä den F91 huet elo kloer op den zweete Gol gedréckt. Am weidere Verlaf vun der zweeter Hallschent huet den Drock vun den Diddelenger nogelooss. Wuel ware si nach spillbestëmmend, mä déi Occasiounen, déi sech den F91 erausgespillt huet, waren net méi esou zwéngend wéi nach am Ufank vun der zweeter Hallschent. Esou hu si dacks Distanzschëss a Richtung andorranesche Gol lassgelooss, déi allerdéngs net cadréiert waren an domadder och keng Gefor duergestallt hunn. E bëssen aus dem Näischt sollt dunn den 2:1 fir den F91 falen: De Kirch bréngt e Fräistouss an de Strofraum, wou de Rotundo mam Kapp un de Ball kënnt an dësen am héije Bou hannert dem Marinovich am Gol vun Escaldes ënnerbréngt. Mä d‘Andorraner haten dës Kéier eng séier Äntwert op dëse Gol: Nëmmen dräi Minutte méi spéit ass den Emanoel, dee kuerz virdrun agewiesselt gouf, eleng a Richtung Latik gelaf an huet de Ball ofgekläert am Gol zum 2:2 ënnerbruecht. Doropshin huet den F91 nach eng Kéier den Drock erhéicht, mä esou richteg geféierlech sollt et net méi ginn. Dëst well Escaldes och mat Mann a Maus verdeedegt huet. Um Enn sollt de Valero an der 89. Minutt souguer nach den drëtte Gol fir Escaldes markéieren, soudatt sech Diddeleng an Escaldes mat 2:3 trennen. Domadder ass d'Rees duerch Europa fir den F91 schonns nom éischten Tour eriwwer.

FC Dila Gori - RFCUL 1:0

1:0 Dramé (90'+1)

D'Spectateure kruten am georgesche Gori eng Ekipp vum Stater Racing ze gesinn, déi sech schwéier gedoen huet, sech Golchancen erauszespillen. Wuel konnte sech déi Stater heiansdo an der géignerescher Hallschent festbäissen, e cadréierte Schoss, deen de georgesche Golkipp ënner Drock gesat hätt, sollt dobäi awer net zustane kommen. Et waren dogéint d'Georgier, déi eng sëllege Kéieren de Stater Golkipp op d'Prouf gestallt hunn. Virun allem den Andronikashvili huet säi Gléck déi eng oder aner Kéier probéiert, mä de Ruffier am Stater Gol konnt ëmmer paréieren. Dëse stoung an der 34. Minutt dunn awer net méi um Terrain. Dëst nodeems hien, no enger schlechter Relance vum Mongé, de Ball baussent dem Strofraum huet misse mat der Hand huelen, fir ze verhënneren, datt Dila Gori den éischte Gol am Match markéiere géing. Deemno hat de Racing just nach 10 Spiller um Terrain stoen, wat d'Aufgab net méi einfach gemaach huet. Ouni Goler sollt den Arbitter béid Formatiounen dunn awer an d'Kabinne schécken.

An der zweeter Hallschent war et nees déi georgesch Lokalekipp, déi den Toun am Match uginn huet. Si hu sech Chance op Chance erausgespillt, wougéint de Racing am Stuerm guer net stattfonnt huet. Just ee Stater konnt deen Ament eng iwwerzeegend Leeschtung un de Dag leeën an dat war de Sancho am Gol, deem seng Matspiller him Merci soe konnten, datt si nach net mat engem Gol a Réckstand louchen. Dëst well hie seng Faarwe mat senge sëllege Paraden am Spill hale konnt. Et huet dogéint bis an déi 65. Minutt gedauert, ier datt de Racing fir d'éischt e Schoss a Richtung georgesche Gol lassgelooss huet, mä dem Ikene seng Tentative war ze schwaach, soudatt de Golkipp dës ouni Probleemer entschäerfe konnt. Um Enn hat dunn Dila Gori awer nach déi néideg Reussite virum Gol. Et war den Dramé, deen an der 91. Minutt de Sancho am Stater Gol bezwéngen a seng Ekipp mat 1:0 a Féierung brénge konnt. Kuerz drop, gouf de Match och ofgepaff, soudatt de Racing no 90 Minutte mat 0:1 verléiert, wat bedeit, datt den RFCUL den europäesche Kompetitioune schonns nom éischten Tour Äddi soe muss.