Liichtathletik
Stéphanie Krumlovsky verbessert nationale Rekord am Diskuswerfen

© Fernand Schmitz (Archiv)
Zu Dikrech op der Pist goufen e Samschdeg e Lafmeeting an de Memorial Benny Michel organiséiert.
Am Kader vum Memorial Benny Michel zu Dikrech huet d'Stéphanie Krumlovsky e Samschdeg hiren eegenen nationale Rekord am Diskuswerfe verbessert. Den Diskus ass 48,17 Meter wäit geflunn. Domadder war si ronn 1,5 Meter besser wéi bei hirem ale Rekord (46,72) aus dem Mee dëst Joer.
Beim Lafmeeting zu Dikrech ass dann och nach dem Fanny Arendt eng nei national Beschtzäit iwwer 600 Meter gelongen. Fir si ass de Chrono no enger Minutt, 25 Sekonnen an 99 Honnertstel stoe bliwwen.
Am Mee hat d'Fanny Arendt de Lëtzebuerger Rekord iwwer 400 Meter geknackt.
Am meeschte gelies