Déifferdeng a Stroossen sinn zouversiichtlech virun hire Matcher

© Val Wagner
Fir déi Lëtzebuerger Futtballveräiner ass et an de jeeweilegen internationale Qualifikatioune bis dato nach net wierklech gutt gelaf.
Diddeleng an de Stater Racing goufen am 1. Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun eliminéiert. De Champion Déifferdeng huet zweemol géint den FC Drita am éischten Tour vun der Champions-League-Quali de Kierzere gezunn a spillt dofir e Mëttwoch an der zweeter Qualifikatiounsronn fir d'Conference League.
Do kritt et den FCD03 auswäerts mat The New Saints ze dinn. De 17-fache walisesche Champion war d'lescht Saison an der Ligaphas vun der Conference League mat dobäi a gouf virun zwee Joer vun Hesper an der Qualifikatioun eliminéiert. Déi Déifferdenger hunn hir zwou Defaite géint den FC Drita gutt analyséiert a verdaut. De Kevin D'Anzico a Co. wësse genau wou si unzesetzen hunn:
"Et gëllt elo, net de Kapp an de Sand ze stiechen, well mir géint den FC Drita net esou gutt gespillt hunn. Mir mussen aus deene Feeler léieren an dohi reesen, fir et besser ze maachen. Mir mussen un eiser Offensiv schaffen. Mir hunn eis vill virgeholl, eis gutt do drop agestallt an trainéiert. Deementspriechend mengen ech, datt mir gutt preparéiert sinn."
Viru sechs Joer hat sech Diddeleng sensationell zweemol noenee fir d'Gruppephas vun der Europa League qualifizéiert. Och den aktuelle Lëtzebuerger Doublé-Gewënner Déifferdeng huet déi nämmlecht Ambitiounen a gleeft drun, datt et méiglech ass, sech fir d'Conference League ze qualifizéieren.
"Et war definitiv dran an der Champions League een Tour weiderzekommen. Eis Ambitioune bleiwen héich a mir wësse wou eis Stäerkte leien. Mir ginn zu 100 Prozent mat der Iddi dohinner, fir de Match ze gewannen. Am beschte Fall, fir eis elo eng Kéier fir d'Ligaphas ze qualifizéieren."
Als Tabellenzweete vun der leschter Saison war d'UNA Stroossen direkt fir den zweeten Tour an der Conference-League-Qualifikatioun gesat. D'Ekipp vum Trainer Stefano Bensi kritt et en Donneschdeg auswäerts mat Dundee United aus Schottland ze dinn. De fréieren Nationalspiller ass sech der éischter manner gudder Bilanz vun de Lëtzebuerger Ekippen an de Qualie bewosst, wëll awer keen onnéidegen Drock opbauen.
"Mir representéieren d'Faarwe vun der UNA, awer och déi vu Lëtzebuerg. Dat soll awer keen Drock sinn. Am Futtball ass alles méiglech. De Ball ass iwwerall ronn, d'Goler hunn iwwerall déi selwecht Gréisst an et gëtt iwwerall 11 géint 11 gespillt. Ech verlaange vu menger Ekipp, datt mir do mat Passioun, Stolz a Courage untrieden. Natierlech brauch een am Futtball och eng Grëtz Reussite, mee déi kënnt, wann ee sech se erschafft an dru gleeft. Eis Zil soll et sinn, dohannen ee Resultat ze maachen, wou duerch dann eben heiheem nach alles op steet."
Lass geet fir Déifferdeng e Mëttwoch ëm 20 Auer zu Oswestry a Wales géint The New Saints. Stroossen spillt dann en Donneschdeg ëm 20.45 Auer a Schottland bei Dundee United. D'Retourpartië ginn iwwregens alle béid am Stade Municipal zu Déifferdeng gespillt.
Donieft goufen e Méindeg zu Nyon och d'Matcher vum drëtten Tour an der Conference-League-Qualifikatioun ausgeloust. Stroossen kritt et am Fall vum Weiderkommen an der nächster Ronn mat dem Gewënner vun der Partie tëscht Decic aus Montenegro a Rapid Wien aus Éisträich ze dinn. Déifferdeng géing dogéint entweder géint Levadia Tallin aus Estland oder Iberia Tiflis aus Georgien spillen. D'Allersmatcher wieren am Prinzip de 7. August. D'Retourpartië si fir de 14. August ugesat.