D'Fanny Arendt steet an der Halleffinall

© Screenshot FISU
D'Lëtzebuergerin klasséiert sech an hirem Virlaf mat enger Zäit vun 2:04.63 hannert der Italieenerin Eloisa Coiro op der 2. Plaz.
D’Fanny Arendt stoung en Dënschdeg den Owend op de World University Games, déi sougenannt Universiad, iwwer 800 Meter am 4. vu 5. Virleef op der Lafbunn. Am Lohrheidstadion zu Bochum ass déi 23 Joer al Athletin an hirem Laf op déi 2. Plaz komm, wat gläichzäiteg déi direkt Qualifikatioun fir d’Halleffinall bedeit. Mat enger Zäit vun 2:04.63 ass d'Fola-Athleetin däitlech méi lues gelaf wéi hier perséinlech Beschtleeschtung (2:02.34).
Nächste Rdv fir d'Fanny Arendt ass e Mëttwoch um 20h13. Hei geet et dann drëms sech fir d’Finall, déi en Donneschdeg den Owend um 20h58 gelaf gëtt, ze qualifizéieren.
Op de FISU Games am Rhein-Ruhr-Gebitt gëtt jo wärend 11 Deeg an 19 verschiddenen Disziplinnen ëm d'Medaile gekämpft. Nieft dem Fanny Arendt si mam Mathis Espagnet, Ruben Querinjean, Gil Weicherding, Finn Kemp, Céleste Mordenti an Anna Zens nach 6 weider Lëtzebuerger Athleten am Asaz.