Op der Futtball-EM vun den Dammen hunn d'Englännerinnen no engem 11-Meter-Krimi an der Finall géint de Weltmeeschter Spuenien hiren Titel verdeedegt.

Fir d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalspillerin Amy Thompson war England souwisou vun Ufank un de Favorit. Do spillt natierlech och mat, datt déi bescht FLF-Goalgetterin, déi e Méindeg hiren 31. Gebuertsdag gefeiert huet, hallef Englännerin ass:

"Anerersäits well se awer d'EM-Verteideger sinn an eng gutt Ekipp hunn. Ech muss soen, si hunn net onbedéngt hir bescht Säit gewisen. Mee si hunn all Kéiers bis zum Schluss gekämpft. Dat däerf een einfach net vergiessen am Fussball, dass wann ee bis zum Schluss kämpft an alles gëtt, kann een ëmmer de Match dréinen. Dat hu se dësen Tournoi ëmmer erëm bewisen. Dat ass eppes, wat vill Rout Léiwinne matfillen, well mir waren och oft déi Ekipp, wou hanne war a wou awer erëm zréckkomm ass, eis zréckgekämpft hunn. An ech si mega frou, dass se erëm d'EM gewonnen hunn. Zum Schluss zielt net d'Manéier, mee d'Resultat."

An der Finall zu Basel stoung et tëscht England a Spuenien no 120 Minutten 1:1. Um Enn hu sech d'Lionesses am 11-Meterschéisse mat 3:1 duerchgesat.