En Dënschdeg sinn d'Biergungsaarbechten zu Laila Peak am Pakistan gelaf. Déi fréier Biathletin ass "op d'mannst schwéier blesséiert".

Schonn e Méindeg de Mëtteg gouf d'Laura Dahlmeier beim Klammen op enger Héicht vu ronn 5.700 Meter an de Karakorum-Bierger am Pakistan vun eroffalende Steng getraff ginn. Wéinst dem wäiten Trajet ass de Rettungshelikopter réischt en Dënschdeg de Moie sur Place gewiescht. Well de Risiko besteet, datt weider Steng kéinten erofkomme, konnt bis ewell nach kee bis bei d'Athletin kommen.

An enger Pressematdeelung heescht en en Dënschdeg den Owend, aus dem Helikopter wier ze gesi gewiescht, datt déi 31 Joer al Alpinistin "op d'mannst schwéier blesséiert" wier. "Liewenszeeche waren net ze erkennen", heescht et weider.

En Dënschdeg den Owend eiser Zäit huet déi pakistanesch Tourismusagence du matgedeelt, datt d'Sich no der Laura Dahlmeier wéinst der Däischtert huet missen ofgebrach ginn, an datt d'Efforten eréischt e Mëttwoch de Moie kënne weidergefouert ginn.

D'Laura Dahlmeier huet siwe Gold-, dräi Sëlwer- a fënnef Bronzmedailen op Biathlon-Weltmeeschterschafte gewonnen. Donieft huet déi 31 Joer al Däitsch 20 Courssen am Weltcup an de General vum Weltcup 2016/17 fir sech konnten entscheeden. Op den Olympesche Wanterspiller zu Pyeong Chang a Südkorea am Joer 2018 huet si Gold an der Sprint- an der Poursuite-Course, wéi och Bronze am Eenzel gewonnen.