De Racing steet am nächsten Tour

© RTL
D'Ekipp vun der Trainerin Elodie Martins huet sech mat 2:1 géint den FC Riga behaapt a spillt Enn August zwee weider Matcher.
No der 5:3-Victoire an der Verlängerung géint AEK Athen huet sech de Stater Racing och 2:1 géint den FC Riga duerchgesat a steet domat am nächsten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun. Dës Qualifikatioun gëtt an engem Modus vu Mini-Turnéier ausgespillt. Déi nächst Matcher fir de Racing stinn Enn August an Albanien um Programm.
Just de Gewënner kéim eng Ronn weider; dat war virum Match géint Riga gewosst. Et war ee virum Géigner gewarnt. D'Lettinnen hate sech am éischte Match kloer 4:1 géint den FC Flora aus Estland duerchgesat; an dat bei hirer éischter Participatioun an der Champions League.
De Racing war opgrond vun der besserer Placéierung am UEFA-Ranking an der Favoritteroll, an esou sinn d'Dammen de Match och ugaangen. An der 14. Minutt konnt d'Rigaud de Veräi vum Verluerekascht a Féierung schéissen an och duerno haten déi Himmelblo méi vum Match.
De lettesche Champion huet an der Paus mat zwee Wiessele reagéiert an hat direkt méi Zuch zum Gol. An der 50. Minutt goufen d'Gäscht mam Ausgläich duerch d'Kumba Brima belount. Doropshi war et en ausgeglachene Match a béid Ekippen hu sech näischt geschenkt.
De Racing krut, ugedriwwe vu senge Supporter, nees méi Kontroll a säi Spill, wat d'Sophie Quatrana an der 65. Minutt fir den 2:1 ausgenotzt huet. D'Ekipp vun der Trainerin Elodie Martins huet sech och duerno net hanne ragestallt an op Riga gewaart, mee hiert Gléck am Ugrëff gesicht. Sou hu si d'Lettinnen net zu ville geféierleche Golchancë komme gelooss.
An der Nospillzäit huet Riga nach eng Kéier alles probéiert, mee ass net duerchkomm. Wéi d'Arbittesch Oxana Cruc aus Moldawien no 7 Minutten Nospillzäit ofgepaff huet, huet d'Freed bei de Racing-Spillerinnen an dem Public huet keng Grenze méi kannt. Den Heemvirdeel a béide Matcher bei dësem Mini-Turnéier huet dem Racing wuel och e bëssen an d'Kaarte gespillt.
De 27. August geet et fir de Racing géint Ferencvaros aus Ungarn. Och dës Ronn gëtt an Turnéierform am albanesche Shkodra ausgedroen. Wann de Lëtzebuerger Champion do ënnert déi dräi éischt Ekippe komme sollt, géif d'europäesch Campagne weidergoen. Den Éischte qualifizéiert sech fir den drëtte Qualifikatiounstour vun der Champions League, den Zweete spillt am Europa Cup an den Drëtte ka sech nach fir dësen Europa Cup qualifizéieren.