Um Freideg waren zu Tartu an Estland als éischt d'Halleffinallen um Programm, iwwerdeems e Samschdeg ëm Medaile gekämpft gëtt.

An béiden Dammekategorien - Open a Senior (Ü40) - huet de Géigner Estland geheescht. Als éischt war et un de Seniorinnen. Si hunn eng konstant Leeschtung gewise mee d'Estinnen  waren an eegener Hal eng Nummer ze grouss. De Match goung mat 0-2 (17-25 an 18-25) un Estland.

An der Kategorie Open hunn d' Lëtzebuergerinne gewisen, datt si am Verglach zum Qualifikatiounsmatch géint déi selwecht Ekipp grouss Progrèse gemaach hunn. Um Enn huet sech awer déi gréisser Erfarung vun den Estinne konnten duerchsetzen. D'Resultat war mat 0-2 (16-25, 21-25) awer zefriddestellend.

Fir béid IFL-Selektioune goung et spéider am Dag deemno ëm Plaz 3 bei dëser Weltmeeschterschaft. Hei wollten d'Senior-Damme Revanche géint Japan huelen an d'Open hir Victoire géint Schwäiz widderhuelen.

An den Härekategorië waren et d'Senioren, déi sech géint Japan fir Finall qualifizéiert hunn. Den Dag virdrun hate si géint deselwechte Géigner nach 1-2 verluer. Ewers a Co hunn awer hir Erfarung an Dominanz um Netz agesat, fir dës Kéier als Gewënner vum Terrain ze goen. Fir si goung et deemno um Samschdeg ëm de Weltmeeschtertitel géint Däitschland.

Um Enn gëtt et Sëlwer fir d'Senioren

Nodeems d‘Lëtzebuerger Seniore sech e serréierten Optakt an der Finall ëm d‘Indiaca-Weltmeeschterschaft mat Däitschland geliwwert haten, huet sech beim Stand vun 13-19 aus Lëtzebuerger Siicht d‘Blat definitiv gedréint. 
Bei enger Attack huet sech de Kapitän vun der IFL-Selektioun, Ben Ewers, ouni Friemawierkung um Knéi blesséiert. Dëse Verloscht hunn d‘rout Léiwen net kënne kompenséieren a verléieren um Enn mat 0-2, an de Sätz 18-25 an 12-25.

An Och d'Hären Open dierfe sech an der Finall mat Däitschland moossen. Si ware jo als Éischt no der Qualifikatioun an d'Halleffinall gaangen. Hei hu si mat der Schwäizer Selektioun kuerze Prozess gemaach a kloer mat 2-0, an de Sätz op 13 an 20, gewonnen.

RTL

© IFL

Matcher ëm déi Drëtt Plaz

Nees waren d'Seniorinnen als éischt un der Rei. Géint Japan war de Wëlle grouss, mee den dach dënne Kader huet mat sech bruecht, datt d'Lëtzebuergerinnen no ganz intensive Matcher net méi déi néideg Fitness haten, fir laang dogéint ze halen. D'Japanerinne waren net ze bremsen an hu mat 2-0 (25-20, 25-12) gewonnen.

Duerno war et un der Open Mixte: Si hu sech nees mat de Schwäizer missen duelléieren an et war e Kampf op Aenhéicht. Nodeems den éischte Saz nach mat 25-22 un d'Eidgenosse gaange war huet de Coaching Staff reagéiert a mam Pol Faber eng glécklech Hand bewisen. D'Lëtzebuerger konnte mat engem 25-22 an de Sätz ausgläichen. Den drëtte Saz war genee esou haart ëmkämpft ewéi déi zwee Sätz virdru, ma d'Schwäizer hunn hir Kräfte besser geréiert an en éischten 3 Punktevirsprong bei 10-7 bis zum Enn verdeedegt, fir sech mat engem 25-22 d' Bronzemedail ze sécheren.

An der Kategorie Dammen Open war d'Hoffnung op eng Medail grouss. An der Qualifikatioun konnt ee scho mat 2-0 géint deselwechte Géigner gewannen. Ma d'Schwäizer waren e gutt Stéck méi agespillt ewéi nach virun 2 Deeg an d'Lëtzebuergerinne waren Ufanks vum Match richteg opgereegt. Et huet einfach un der néideger Prezisioun gefeelt. Mat 25-21 goung den éischte Saz un d'Schwäiz. E richteg gudden Ufank vum zweete Saz huet der IFL-Selektioun en Avantage vun 8 Punkte verschaf. Mëtt vum Saz hu sech nees ze vill Feeler bei de roude Léiwinnen ageschlach an d'Schwäizerinnen si lues a lues nees méi no komm. Beim Stand vun 21-20 hate si de Saz gedréint. Lëtzebuerg huet versicht iwwert de Kampf nees zum richtege Wee ze fannen, mee si kruten de Ball einfach net méi decisiv op de Buedem. Duerch e knappe 25-23 fir d'Schwäiz schléissen d'Lëtzebuerger Damme genee ewéi Dammen Ü40 a Mixte Open den Tournoi op der véierter Plaz of.

Och Sëlwer fir d'Hären am Open zu Tartu

Op der Indiaca-Weltmeeschterschaft zu Tartu an Estland kommen d‘Lëtzebuerger Hären an der Kategorie Open, genee ewéi bei den Ü40 op déi zweete Plaz. An der Finall ware si der Däitscher Selektioun mat 0-2 (20-25, 15-25) relativ kloer ënnerleeën.

D‘Lëtzebuerger waren iwwert de ganze Match net variabel genuch. Den däitsche Block war omnipresent an de Lëtzebuerger Spillopbau net präzis genuch. Däitschland konnt ëmmer erëm Bäll am Lëtzebuerger Terrain placéieren oder de Block uschloen.

Domat geet d‘Weltmeeschterschaft fir Lëtzebuerger mat 2 Sëlwermedailen (Hären Open an Seniors), 3 véierte Plazen (Dammen Open, Mixte Open an Dammen Seniores) an enger Fënnefter Plaz (Mixte Seniors) op en Enn.

RTL

© IFL