Ankie Timmers kënnt beim Powerlifting op déi 7. Plaz

© RTL (Archiv)
Am Bänkdrécken huet d'Lëtzebuergerin mat 207,5 kg en neie Landesrekord konnte realiséieren.
Bei de World Games zu Chengdu a China, wou déi net olympesch Sportarten vertruede sinn, stoung e Sonndeg de Mëtteg eiser Zäit d'Ankie Timmers beim Powerlifting um Depart.
D'Lëtzebuergerin klasséiert sech an der Kategorie "Equipped Super Heavyweight" ënner 8 Starterinnen op der 7. Plaz. D'Goldmedail geet un d'Kanadierin Danielle Stinn.
D'COSL Sportlerin huet sech sécherlech e bessert Resultat erhofft, huet am Bänkdrécke mat 207,5 kg awer en neie Landesrekord konnten opstellen. Am Kräizhiewen a bei de Kniebeugen ass d'Ankie Timmers ënnert hire Beschtleeschtunge bliwwen, wat déi 7. Plaz erkläert.
Am Powerlifting ginn d'Kräizhiewen, d'Bänkdrécken an d'Kniebeugen eenzel an zesumme bewäert.
Mam Mariya Klein-Shkolna war d’lescht Woch eng weider Athletin aus dem Grand Duché um Depart. Am Bouschéissen war an den Aachtelsfinalle Schluss fir d'Mariya Klein-Shkolna. Si hat sech géint d’Nummer 7 op der Welt Alexis Ruiz aus den USA missen onglécklech mat 143:144 geschloe ginn a war domadder déi 9. ënner 27 Konkurrentinne ginn.