Wien de Mariusz Dziurdzia als Trainer vun der Lëtzebuerger Dammennationalekipp ofléist, ass bis ewell nach net gewosst.

E Mëttwoch den Owend huet d'Lëtzebuerger Basketfederatioun an engem Schreiwes matgedeelt, datt ee sech wat déi sportleche Strukturen ugeet fir d'Zukunft strategesch nei opstellt.

Nom Depart vum Tessy Hetting huet den CA vun der Lëtzebuerger Basketfederatioun festgehalen, datt de Ken Diederich an Zukunft d'Funktioun vum Directeur technique national (DTN) iwwerhëlt. Hie war bis ewell den Head of Basketball. Säin Asaz, seng strategesch Visioun an déi gutt Kenntnisser vum nationale Sport wieren eng Garantie fir Stabilitéit an Dynamik fir d'Zukunft, sou d'FLBB am Schreiwes.

Hien ass an Zukunft responsabel fir d'Beräicher Sport, Formatioun, Héichleeschtung an technesch Visioun. Wärend de Pit Rodenbourg, Direkter fir Administratioun a Finanzen (DAF), d'Responsabilitéite Finanzen, Administratioun, Conformitéit a Gouvernance iwwerhëlt.

Weider huet d'FLBB matgedeelt, datt de Mariusz Dziurdzia, dee bis ewell Nationaltrainer vun den Damme war, nei Responsabilitéite kritt. Hien iwwerhëlt den Trainerposte vun den U16-Hären a weider Projeten, wou hie seng Expertise an Erfarung mat afléisse loosse kann, sou d'FLBB.

Wien d'Successioun bei den FLBB-Dammen iwwerhëlt ass bis ewell nach net gewosst.