Bei der 28. Editioun sinn d'Kategorië vun der Elite, de Junioren an der Jugend A e Samschdeg de Mëtteg all an enger Course un den Depart gaangen.

Mat Ausnam vum Jeanne Lehair an dem Gregor Payet war d’ganz Elite vum Lëtzebuerger Triathlon, zu Wäiswampech um Championnat vum Sprinttriathlon versammelt. Et war eng Demonstratioun, vun där effikasser Jugendaarbecht, déi zanter Jore vun der Lëtzebuerger Triathlonsfederatioun geleescht gëtt.

Eng ganz Rei vu jonken Triathleeten aus dem Nationalkader hunn den Toun uginn. Eréischt zwee Deeg ware si zréck aus dem Héichtentraining, an et konnt ee feststellen, dass si den haarden Training, gutt verdaut hunn.

An der Elite-Kategorie vun den Hären konnt den David Lang sech d'Victoire mat enger Zäit vun 58:08 Minutte sécheren. Den Aurélien Carré an de Mike Heuschling hunn de Podium komplettéiert.

Bei den Damme war d'Eva Daniëls an der Elite-Kategorie déi Séierst, dat mat enger Zäit vun 1:02:38. No engem schwéieren Accident duerch eng  Kollisioun mat engem Auto wärend dem Training, kënnt si erëm ëmmer méi op Touren.

Bei de Junioren war d'Linda Krombach allerdéngs e puer Sekonne méi séier (1:02:30) a konnt sech esou de Championstitel sécheren. D'Anne Hilger huet et op déi 3. Plaz gepackt.

RTL

© Fernand Schmitz

Bei de Junioren hunn den Tom Heyart (59:42) an d'Linda Krombach (1:02:30) gewonnen.

An der Kategorie Jugend A huet de Sebastian Ziekman Benitez (58:18) sech duerchgesat, bei den Damme war et d'Amy Feller (1:24:38).

All d'Resultater fannt Dir hei.

E Méindeg komme mir am Journal op der Tëlee nach emol op de Wämper Triathlon zeréck.