No Accident bei offizieller VisittYuriko Backes reduzéiert hir Deplacementer bis op Weideres

RTL Lëtzebuerg
D‘Mobilitéits-, Defense- a Gläichstellungsministesch huet sech bei enger Aarbechtsvisitt an Däitschland de Knéi verstaucht.
D'Yuriko Backes wäert hir Funktiounen awer weider kënnen assuréieren.
© Verdeedegungsministère

D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet sech bei enger Aarbechtsvisitt an Däitschland de rietse Knéi verstaucht. Dat ass bei engem Besuch vun der europäescher militärescher Ënnerstëtzungsmissioun fir d'Ukrain geschitt.

Op Urode vun den Doktere wäert si hir Deplacementer an de kommende Wochen däitlech aschränken, fir hir Reconvalescence ze ënnerstëtzen, heescht et an engem Communiqué vun e Mëttwoch.

Trotz der Blessur wäert si hir dräi Posten awer weiderhin ausüben an hir Dossiere suivéieren. Verschidde Reunioune ginn dofir op Distanz oder an engem ugepasste Format ofgehalen. Nëmmen déi wichtegst Deplacementer am Kader vun hire Funktioune bleiwen um Programm.

Ufank November soll si un de Kräizbänner operéiert ginn. Duerno ass eng Rehabilitatiounsphas virgesinn.

D'Schreiwes fannt Dir um Site vum Chancëgläichheetsministère.

Back to Top
CIM LOGO