
D'Police war géint 2 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch wéinst engem uerge kierperleche Sträit an der Houserstrooss zu Wëlwerwolz alarméiert ginn. Bei engem Sträit tëscht zwee Bekannten hat e Mann eng Fra geschloen a mat engem Messer blesséiert.
Dono huet de presuméierten Täter sech duerch d'Bascht gemaach, konnt awer bei enger Sich an enger Roulotte géigeniwwer der Kierch zu Wëlwerwolz ugetraff a gestallt ginn. Dobäi goufen e puer Messere séchergestallt.
D'Fra war uerg blesséiert, wéi d'Polizisten op d'Plaz koumen. Si koum an d'Spidol an ass a Liewensgefor.
D'Police huet Ermëttlunge lancéiert.