Ponts et chaussées ginn EntwarnungKee Rass an der Staumauer, mä Drëpsschlag

RTL Lëtzebuerg
Besuergten Awunner aus der Géigend vum Stauséi hunn an der Lescht observéiert, dass d'Staumauer plazeweis eng staark Moosbildung hat an sech gefrot, ob et hei ee Problem vun Ofdichtung gëtt.

Et ass kee Rass an der Staumauer. Dat erkläert de Spriecher vu Ponts-et-chaussées* e Mëttwoch op RTL-Nofro. Awunner aus der Géigend vum Stauséi hate sech Suerge gemaach wéinst Plazen, op deene vill Moos gewuess ass.

Dem Ralph Di Marco no wier dat awer just en Drëpsschlag, respektiv e Ruissellement vu Waasser, op där Plaz, op där verschidden Deeler vum Bëton openeen treffen. Dat wier bei esou Bauten heefeg a wier an der Vergaangenheet och scho méi dacks virkomm.

Dës Ruissellementer hätte sech bis ewell och ëmmer no enger gewësser Zäit resorbéiert, esou datt net geplangt ass, hei z‘intervenéieren. Ausser et géif dës Kéier besonnesch laang daueren, da kéinte punktuell Entretiensaarbechte gemaach ginn.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hate mir vum "Direkter vu Ponts-et-chaussées" geschwat. De Ralph Di Marco ass allerdéngs Spriecher vu Ponts-et-chaussées.

Back to Top
CIM LOGO