Am Davis Cup hunn d'Lëtzebuerger Tennis-Hären um Enn däitlech géint Chile verluer.

No den zwou Defaiten am Simple vum Aaron Gil Garcia an dem Alex Knaaf an der Nuecht op e Sonndeg huet den Duo Knaaf-Calzi sech an der Nuecht op e Méindeg och missen am Double geschloe ginn, dat mat 2:6, 6:4 an 3:6.

Dem Kapitän Gilles Muller no wier et am Fong e gudde Match vum Lëtzebuerger Double gewiescht, ma um Enn hätt wuel och d'Nervositéit eng Roll gespillt:

"Wéi eben oft op deem Niveau war ee vläicht um Ufank e bëssen ze vill nervös, e bësse crispéiert. Ech menge schonn, dass d'Ambiance, d'Stëmmung an der Arena e klengen Impakt op se hat, well dat awer schonn zimmlech impressionant war, et war zimmlech haart mat Momenter an eben och mat Momenter zimmlech hëtzeg. Jo, dat ass dann net wierklech an eis Richtung gaangen. Schued, dass mer dee Match um Enn verléieren, do wier eppes dra gewiescht."

De Gilles Muller iwwer d'Defaite am Double