De Jens Wilbert huet et uganks net ganz inklusiv gesinn. Elo bréngt hien de Club selwer vun Däitschland op Lëtzebuerg.

D'Bananenflanke ass e Futtball-Veräin fir Kanner a Jugendlecher mat enger geeschteger Beanträchtegung. Gegrënnt gouf de Veräin viru méi wéi 10 Joer vun zwee jonke Fleeger zu Regensburg, déi vill mat beanträchtegte Kanner geschafft hunn. Mëttlerweil ginn 25 Clibb vun der Bananenflanke uechtert ganz Däitschland an vun elo un och een zu Lëtzebuerg.

Jens Wilbert und die Bananenflanke

De Jens Wilbert ass Papp vun engem Jong mat Trisomie 21. Mat 6 Joer huet de Matteo ugefaangen, Futtball ze spillen, deemools nach am Duerfveräin. Wat de Matteo a seng Matspiller méi al goufen, wat et zu méi Frustratioun bei der Famill Wilbert koum. "De Matteo konnt iergendwann net méi mat de Kanner mathalen, déi keng Beanträchtegung haten. Wéi hien vu Kanner, déi 4 Joer méi jonk ware wéi hien, ausgedribbelt gouf, war hien ëmmer méi frustréiert an huet de Spaass um Futtball verluer. Do wousste mir, dass mir no enger Alternativ siche mussen", erzielt säi Papp.

De Jens Wilbert hat deemools schonn vum Bananenflanke-Veräin zu Tréier héieren. Säi Bouf awer direkt do unzemellen, war fir hien deemools keng Optioun, well hie fir Inclusioun ass. E Club, wou nëmme beanträchtegt Kanner sinn, huet hien deemools net ganz inklusiv fonnt. Ma wou et du mam Matteo am Duerfveräin net méi gaangen ass, huet hie säi Bouf awer zu Tréier bei der Bananenflanke ugemellt a war duerno souguer als Trainer do engagéiert.

De Matteo spillt ëmmer nach zu Tréier a fir hie geet et net nëmmen ëm de Futtball. "Fir déi Kanner ass et vill méi. Et geet drëm, sozial Kontakter ze hunn, Frëndschaften ze schléissen, mee och einfach Deel vun engem Club ze sinn. Si identifizéiere sech mam Futtballclub. Si sinn houfreg den Jogging mam Logo och an der Fräizäit ze droen."

An d'Bananenflanke ass e richtege Veräin mat Trikot, Training, Matcher a souguer Tournoien. "D'Bananenflanke Däitschland organiséiert ëmmer rëm Tournoien, wou Clibb aus anere Stied zesummekommen a géintenee spillen." 

"Futtball kennt keng Grenzen"

Mee wéi koum d'Bananenflanke dann elo op Lëtzebuerg?
De Jens Wilbert lieft mat senger Famill zwar an der Tréierer Regioun, schafft awer zënter méi wéi 20 Joer hei am Land. A wou hie gesinn huet, wat de Futtball an d'Veräinsliewe dem Matteo alles ginn huet, war fir hie kloer: "Dat muss et och zu Lëtzebuerg ginn, well beanträchtegt Kanner ginn et hei och."

Zesumme mat engem Lëtzebuerger Kolleeg huet hien hei zu Lëtzebuerg alles un d'Rulle bruecht, mee einfach war et net. Vill Pabeierkrom, sëllegen Demanden an annerhalleft Joer Sich no engem Terrain. An elo ass et da sou wäit. Den 22. September um 17 Auer 30 trainéiert d'Bananenflanke Lëtzebuerg eng éischte Kéier zesummen op engem klengen Terrain zu Betzder. Et si schonn eng gutt Handvoll Kanner ugemellt, Plaz an der Ekipp ass awer nach.

RTL

© Foto vu Facebook

"Et dierfe gären nach e puer Kanner dobäikommen. Se solle just méi wéi 6 Joer al sinn a mussen e Behënnerteschäin hunn. An Däitschland ass d'Organisatioun fir Jonker mat enger geeschtlecher Beanträchtegung geduecht, ma mir sinn awer och oppe fir Kanner mat engem kierperlechen Handicap, soulaang dës beim Futtball ouni Gefor matmaache kënnen a Spaass drun hunn", sou de Jens Wilbert, deen d'Ekipp och selwer trainéiere wäert.

An et soll net bei engem Club bleiwen. De Papp vun engem Bouf mat Trisomie 21 hofft, dass an Zukunft nach e Veräin zu Lëtzebuerg bäikënnt. Mee och Tournoien a gemeinsam Projete mat den däitsche Clibb vun der Bananenflanke si Wënsch vum Jens Wilbert.

Bei Interessi kann een einfach op den éischten Training vu der Lëtzebuerger Bananenflanke kommen. Dësen ass den 22. September um 17 Auer 30 zu Betzder um klengen Terrain nieft dem Futtballterrain vum FC Betzder.