D'Power Bulls wannen an der décker Klass, d'Crazy Dogs an der Klenger
Zu Rammerech goufen de Sonndeg déi lescht Coursse vum Stock-Car Championnat gefuer. Trotz Reen, Bulli a rutscheger Pist, hu vill Spectateure mat geféiwert.
Et war eng Saison, déi bis zum Schluss spannend bliwwen ass. Nieft de Power Bulls aus dem Préizerdaul haten och nach d’Rout Däiwele vun Diddeleng an d’Tornados vun Hamm eng Chance op den nationalen Titel. Op der Pist ass et deem entspriechend haart an haaptsächlech spannend zougaangen.
An der grousser Klass (bis 2800ccm) konnten d’Power Bulls sech schlussendlech duerchsetzen. De Laurent Gengler, deen no 10 Joer Paus säi grousse Comeback hat, konnt sech direkt déi éischt Plaz an der Gesamtwäertung sécheren. Mee och déi ganz Power-Bulls-Ekipp hat d'Nues vir. Mat 1.655 Punkten hu si sech knapp géint d’Diables Rouges (1.627 Punkten) an d’Tornados (1.579 Punkten) behaapt
An der klenger Klass (bis 2000ccm) haten d’Crazy Dogs d’Iwwerhand. Si hunn an der Ekippewäertung mat 1.680 Punkte gewonnen, just knapp virun de Power Bulls mat 1.642 Punkten. An der Eenzelwäertung ass de Christian Dentzer (Crazy Dogs) Champion ginn, virum Dave Michels (Crazy Dogs) an dem David Klein (Power Bulls).
D’Stëmmung um Terrain war besonnesch. Trotz dem Reen hunn d’Spectateuren a Gummisstiwwelen an ënnert dem Präbbeli d'Course verfollegt a kruten eng richteg Finall gebueden, wou vill geknuppt a gekämpft ginn ass. Genee esou huet d’Publikum et sech erwaart an d’Erwaardunge goufen net enttäuscht.
E speziellen Applaus ass un déi dräi Damme vun de Power Bulls gaangen: d’Tina Olinger, d’Mara Schumacher an d’Géraldine Lagodny. Si sinn déi eenzeg Stock-Car-Fuererinnen hei am Land a konnte sech géint d'Männer beweisen.

© Céline Spithoven/RTL
Mat dëser Course zu Rammerech geet eng intensiv Saison op en Enn – eng Saison, déi gewisen huet, dass Stock-Car nach ëmmer fest zu der Traditioun vum Land gehéiert a Generatiounen u Fans unzitt.