D'Formel 1 an d'FIA hunn déi 6 Grand Prixen annoncéiert, op deenen d'nächst Saison eng Sprint-Course programméiert ass.

2026 gëtt d‘Sprint-Format zu Shanghai a China, zu Miami an den USA, zu Montreal a Kanada, zu Silverstone an England, zu Zandvoort an Holland an zu Singapur gefuer. Fir Montreal, Zandvoort a Singapur ass et eng Premiere. Zu Shanghai an zu Miami steet de Sprint fir déi drëtte Kéier hannerteneen um Programm. Silverstone war 2021 bei der éischter Editioun schonn eng Kéier dobäi.
 
2026 gëtt déi 6. Saison mat engem Sprint-Format an der Formel 1. Vum Oflaf bleift de Sprint-Weekend wéi e lo war, mat engem fräien Training an der Sprint-Qualifikatioun um Freideg, mat der Sprint-Course an der Qualifikatioun fir de Grand Prix um Samschdeg a mam Grousse Präis um Sonndeg.
 
Op Sprint-Weekender hu ronn 10 Prozent weltwäit méi Leit d‘Formel 1 op der Tëlee gekuckt wéi op normale Coursse-Weekender, dat hunn déi Responsabel vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport an d‘FIA matgedeelt.
 
Fir d‘Autoe ginn et d‘nächst Joer ganz nei Reglementer.