Arsenal a ManCity deelen d'Punkten. Monaco schéckt Metz mat 5:2 heem. An der Serie A huet d'AS Roum den Derby géint Lazio fir sech entscheet.

Bundesliga

Eintracht Frankfurt - Union Berlin 3:4
0:1 Ansah (9'), 0:2 Burke (32'), 1:2 Brown (45'+4), 1:3 Burke (53'), 1:4 Burke (56'), 2:4 Uzun (80'), 3:4 Burkardt (87', Eelefmeter)

Union Berlin huet e ganz staarke Match gewisen. Hannen huet een an der éischter Hallschent wéineg zougelooss a vir war een äiskal mat senge Chancen. Frankfurt koum géint déi kompakt Defense vu Berlin iwwer wäit Strecken net un. Am zweeten Duerchgang war et dat selwecht Bild. De Burke huet bei Berlin bannent 4 Minutten zwee Goler geschoss an duerft sech iwwer en Hattrick freeën. Frankfurt huet eréischt spéit an de Match fonnt a konnt d'Néierlag net méi verhënneren.

Bayer Leverkusen - Borussia Mönchengladbach 1:1
1:0 Tillman (70'), 1:1 Tabakovic (90'+2)

Dëse Rhäin-Derby war och e Krisenduell. Leverkusen ass net wéi erwaart an d'Saison gestart an huet den Trainer schonn no 2 Matcher gewiesselt. Fir Gladbach war et den éischte Match no der Entloossung vum Gerrardo Seoane. D'Fohlen hunn déi éischt Hallschent gutt matgehalen a Leverkusen sech net wierklech entfale gelooss. Bayer huet an der zweeter Hallschent weider Drock gemaach a gouf an der 70. Minutt belount. Gladbach huet sech awer net opginn a gouf an der Nospillzäit mam Ausgläich belount.

Borussia Dortmund - VfL Wolfsburg (19.30 Auer)

Premier League

Arsenal FC - Manchester City 1:1
0:1 Haaland (9'), 1:1 Martinelli (90'+3)

No enger fréierer Féierung huet sech Manchester City haaptsächlech op d'Defense konzentréiert an de Gunners d'Spill iwwerlooss. Bal hätten d'Citizens de Virsprong iwwer d'Zäit gerett, mee an der Nospillzäit huet de Martinelli Arsenal de verdéngte Punkt gerett. Et war déi fënneft Kéier hannerteneen, dass Arsenal net géint ManCity verluer huet. Mat dësem Resultat verléiere béid Ekippen e bëssen den Uschloss un den Tabelleleader Liverpool.

Serie A

Lazio Roum - AS Roum 0:1
0:1 Pellegrini (38')

De Match gouf aus Sécherheetsgrënn schonn um 12.30 Auer gespillt. Wéi ze erwaarden, war an dësem Derby vun Ufank u Feier dran. Lazio war laang d'Ekipp mat de bessere Chancen, mee de Gol sollt op der anerer Säit falen. De Pellegrini huet mat sengem Gol de Match op de Kapp gestallt - dobäi huet hie vun engem Feeler vum Lazio-Spiller Nuno Tavares profitéiert. No der Paus goung et hin an hier a béid Ekippen haten eng Hellewull u Chancen, mee et sollt bei just engem Gol bleiwen. An der Schlussphas huet sech Lazio nach zwou Rout Kaarte gefaangen.

FC Turin - Atalanta Bergamo 0:3
0:1 Krstovic (30'), 0:2 Sulemana (34'), 0:3 Krstovic (38')

Mat dräi séiere Goler hannertenee konnt sech Bergamo déi zweet Victoire vun der Saison sécheren a steet elo mat 8 Punkten op der 5. Plaz. Turin huet bis elo zwar just 1 Gol geschoss, dofir awer 4 Punkten um Kont stoen.

Ligue 1

Paris FC - Racing Stroossbuerg 2:3
0:1 Paez (27'), 0:2 Doué (78'), 1:2 Dicko (81'), 1:3 (87'), 2:3 Gory (90'+4)

No enger spannender Schlussphas huet sech Stroossbuerg beim Opsteiger Paris FC behaapt an déi véiert Victoire am fënnefte Match gefeiert. Domat spillen d'Elsässer ganz uewe mat. Fir Paräis war et dogéint déi drëtt Néierlag. De Veräin, dee vun der Firma Red Bull finanziell ënnerstëtzt gëtt, huet virum Match d'Verstäerkung vum Hamari Traoré bekannt ginn.

AS Monaco - FC Metz 5:2
0:1 Diallo (13'), 1:1 Biereth (28'), 2:1 Fati (46'), 2:2 Hein (67', Eelefmeter), 3:2 Fati (83'), 4:2 Kouao (86', Eegegol), 5:2 Ilenikhena (90'+3)

Metz muss weider op déi éischt Victoire waarden. D'Grenats komme mat enger 2:5 Victoire am Gepäck aus dem Fürstentum Monaco zeréck. Eréischt géint Enn vum Match huet Metz no engem gudde Match e sécher gegleefte Punkt leie gelooss a steet mat just engem Punkt no fënnef Matcher weiderhin um Wupp vun der Tabell.

De Spëtzematch tëscht Marseille a PSG gouf wéinst enger Wiederwarnung op e Méindeg verluecht.

La Liga

RCD Mallorca - Atlético Madrid 1:1
0:1 Callagher (79'), 1:1 Muriqi (85')

Atlético Madrid kënnt net richteg an den Trëtt. Den 1:1 op Mallorca war schonn dat drëtt Gläichspill an der nach jonker Saison. D'Rojiblancos stinn elo mat 6 Punkten op der 12. Plaz an hu schonn 9 Punkte Réckstand op den Tabelleleader Real Madrid. Fir Mallorca war et och eréischt den zweete Punkt an dëser Saison.