
Zwee Deeg virum Match géint den HC Standard huet den HB Käerjeng an engem Communiqué matgedeelt, dass déi Gréng sech entscheet hätten, de Ben Schuster, Trainer vun der Hären-Ekipp, vu sengen Aufgaben ze entbannen. Dat wär aus “sportlechen a professionelle Grënn” geschitt, wéi et säitens vum Veräin heescht. Weider heescht et, dass den HBK keng gemeinsam Léisung mam Trainer fonnt hätt, fir d’Saison an engem gudde Geescht op en Enn ze bréngen.
De Ben Schuster, mat 29 Joer dee jéngsten Trainer an der AXA League, hat Käerjeng am Dezember 2024 iwwerholl. Virdru war hie Co-Trainer vum Martin Hummel zu Diddeleng gewiescht. An dëser Saison musst de Schuster laang mat engem dënnen an onerfuerene Kader auskommen, deen opgrond vun zéng Ofgäng am Summer mat ville Jugendspiller opgestockt gi war. Eréischt mat der Verflichtung vum Ognjen Jokic am November war d’Ekipp méi gefestegt a krut den Dréi, sou dass si sech mat Plaz 6 esou just nach an der héchster Handballdivisioun hale konnt.