Futtball-U21-EM-QualifikatiounLëtzebuerg zitt mat 1:5 géint Frankräich de Kierzeren

Steven Milbert
En Donneschdeg hunn d'Rout Léiwen d'Fransousen am Kader vun der EM-Quali zu Déifferdeng empfaangen. Dobäi sinn d'Gäscht hirer Favoritteroll gerecht ginn.
© Screenshot

No 90 Minutte kënne sech d’Fransousen als souveräne Gewënner géint eng Lëtzebuerger Ekipp behaapten, déi sech kämpferesch gewisen huet a probéiert huet, fir dem Géigner gutt Paroli ze bidden. Um Enn sollt dëst awer näischt un der franséischer Victoire änneren. D’Gäscht aus Frankräich setze sech deemno mat 5:1 géint d’Rout Léiwen duerch.

No sechs Matcher stinn d’Lëtzebuerger mat véier Punkten op der fënnefter Plaz am Grupp C. D’Fransouse stinn dogéint op der éischter Plaz mat 13 Punkten. Dëst no fënnef Matcher. Fir d’U21 steet elo eng länger Paus um Programm. Den nächste Quali-Match gëtt réischt de 25. September an der Schwäiz gespillt.

Lëtzebuerg - Frankräich 1:5
0:1 Zeze (2'), 0:2 Ngoura (14', Eelefmeter), 0:3 Atangana (19'), 1:3 Goncalves (78'), 1:4 Fofana (89'), 1:5 Fofana (90'+2)

D’Fransousen hu scho relativ fréi am Match probéiert, fir kloer Verhältnisser ze suergen. Dëst sollt hinnen och geléngen, esou waren si schonns no 20 Minutten mat dräi Goler an Avance. No zwou Minutte konnt den Zeze de Ball am Lëtzebuerger Filet ënnerbréngen, ier datt den Ngoura, de Stiermer vum Cercle Brügge, per Eelefmeter an der 14. Minutt op 2:0 erhéije konnt. Den Atangana huet 5 Minutten drop du schonns de Sack mam drëtte Gol vum Dag zougemaach. D’Fransousen hunn doropshin de Match geréiert an dofir gesuergt, datt net méi all ze vill ubrennt, soudatt et mat enger komfortabeler 3:0-Avance fir si op den Téi gaangen ass.

Nom Téi hunn d’Fransouse weiderhin den Toun uginn, ouni awer all ze zwéngend op e weidere Gol ze drécken. D’Lëtzebuerger hu sech dogéint ni opginn an hu probéiert, mat e puer geziilten Attacken, de Géigner ënner Drock ze setzen. An der 78. Minutt sollt dës seng Friichten droen. Et war de Goncalves, deen no enger Viraarbecht vum Djabi Embalo, mat sengem Gol op 1:3 verkierze konnt. An der 89. Minutt hunn d’Fransousen dunn awer nees déi al Avance hiergestallt. Et war de Fofana, deen eng Viraarbecht vum Sangui verwandele konnt. Dräi Minutten drop huet de Fofana du mat sengem zweete Gol vum Dag de Schlussstréch ënnert de Match gesat. Deemno musse sech d’Lëtzebuerger no intensiven 90 Minutte mat 1:5 géint Frankräich geschloe ginn.

Back to Top
CIM LOGO