
An engem serréierte Match hu sech d’Italieener schwéier gedoen géint eng nordiresch Ekipp, déi stabil an der Defense stoung an et gepackt huet, d’Italieener esou gutt wéi et nëmme geet, vum eegene Gol ewechzehalen. Virun allem an der éischter Hallschent ass dëst den Nordire gutt gelongen. Esou gouf et just zwou Golchancen an der éischter Hallschent ze vermellen. An der zweeter Hallschent waren d’Italieener dunn e bësse méi aktiv an hu sech e puer Chancen erausgespillt. An der 56. Minutt sollt dunn och eng dovun hire Wee an de Gol fannen: En zweete Ball ass beim Tonali gelant, deen de Ball mat engem sate Schoss aus 17 Meter am Gol ënnerbrénge konnt. Italien huet doropshin net labber gelooss an op en zweete Gol gedréckt. Dëst sollt dem Kean an der 80. Minutt du geléngen. Vun dësem Réckschlag konnte sech d’Nordiren net méi erhuelen, soudatt um Enn Italie sech mat 2:0 géint Nordirland behaapte kann an domadder an d’Finall vun de Play-Offs anzitt.
D’Géigner vun den Italieener an der Finall, fir ee vun de leschten Ticketen fir d’WM anzeléisen, ass Bosnien-Herzegowina. D’Bosnier ware géint d’Waliser kloer ënnerleeën. D’Waliser waren déi besser Ekipp an hunn dem Match hire Stempel opgedréckt. Allerdéngs hu sech d’Männer vun der Insel virum bosnesche Golkipp schwéier gedoen, fir de Ball am Filet ënnerzebréngen, soudatt si sech net fir hir Méie beloune konnten. Den Daniel James sollt domadder awer an der 51. Minutt briechen. Dobäi huet de Spiller vu Leeds vun engem Feeler vum Tahirovic profitéiert, huet de Ball mat vill Vitess matgeholl an dësen no engem schéine Sprint aus 23 Meter am Gol ënnerbruecht. Dëse Gol sollt awer net duergoen, well den Dzeko fir d’Gäscht kuerz virun der Nospillzäit nach den 1:1 markéieren an dës domadder an d’Verlängerung rette konnt. An der Verlängerung waren d’Männer vu Wales nees dréckend iwwerleeënen, konnten dës Iwwerleeënheet awer net an e Gol ëmmënzen, soudatt et an d’Eelefmeterschéisse gaangen ass. An am Eelefmeterschéisse sollt et esou kommen, wéi et dacks de Fall ass: Wales huet Nerve gewisen, soudatt d’Männer vun der Insel am Eelefmeterschéissen de Kierzeren zéien an dëst mat 2:4 géint Bosnie verléieren.
Keng Problemer haten iwwerdeems déi zwou skandinavesch Formatiounen an hire Matcher. Esou kënne sech d’Schwede souverän mat 3:1 géint d’Ukrain behaapten an och d’Dänen hu bei hirer 4:0-Victoire géint Nordmazedonie keng Problemer gehat.
Tierkei - Rumänien 1:0
1:0 Kadioglu (53')
Italien - Nordirland 2:0
1:0 Tonali (56'), 2:0 Kean (80')
Tschechien - Irland 2:2 (4:3 no Eelefmeter)
0:1 Parrott (19', Eelefmeter), 0:2 Kovar (23', Eegegol), 1:2 Schick (27', Eelefmeter), 2:2 Krejci (86')
Slowakei - Kosovo 3:4
1:0 Valjent (6'), 1:1 Hodza (21'), 2:1 Haraslin (45'), 2:2 Asllani (47'), 2:3 Muslija (60'), 2:4 Hajrizi (72'), 3:4 Strelec (90'+4)
Ukrain - Schweden 1:3
0:1 Gyökeres (6'), 0:2 Gyökeres (51'), 0:3 Gyökeres (73', Eelefmeter), 1:3 Ponomarenko (90')
Polen - Albanien 2:1
0:1 Hoxha (42'), 1:1 Lewandowski (63'), 2:1 Zielinski (73')
Dänemark - Nordmazedonien 4:0
1:0 Damsgaard (49'), 2:0 Isaksen (58'), 3:0 Isaksen (59'), 4:0 Eriksen (75')
Wales - Bosnien-Herzegowina 1:1 (2:4 no Eelefmeter)
1:0 James (51'), 1:1 Dzeko (86')