Käerjeng mat gudder Ausgangspositioun fir d'Weiderkommen

© Gilles Tricca
Déifferdeng ass am éischte Match géint Skopje mat 25:40 ënner d'Rieder komm. Fir Diddeleng gouf et zu Malaga eng weider héich Néierlag.
Nodeems d'Häre schonn Ufank September hir éischt Matcher am European Cup haten, war et dëse Weekend un den Dammen. Hei huet Käerjeng gutt Chancen, an déi nächst Ronn anzezéien. Déifferdeng huet sech an Nordmazedonien kloer geschloe musse ginn a Diddeleng krut géint Malaga seng Grenzen opgewisen.
Wéinst dem Fakt, dass d'EHF (European Handball Federation) am European Cup (Männer wéi Fraen) eréischt vum drëtten Tour un eng Primm un d'Veräiner iwwerweist, ginn d'Matcher an den éischten Tier dacks op engem Weekend, an engem sougenannten Doubleheader, ausgedroen. Käerjeng hat am Virfeld eng Crowdfunding-Aktioun gestart, wou eng "uerdentlech" Zomm zesummekoum, fir d'Participatioun um European Cup ze finanzéieren.
Costa del Sol Malaga - HB Diddeleng 37:11
Och den HB Diddeleng war dëse Weekend an engem Doubleheader am Asaz. No der 14:42-Néierlag um Freideg huet ee 24 Stonne méi spéit mat 11:37 verluer, woumat dat fréit Aus am European Cup feststeet. Géint de European-Cup-Gewënner vun 2021 haten d'Fiiss keng Chance. Si waren déi fënneft Saison hannerteneen international dobäi.
Malaga huet vun Ufank un Drock gemaach a louch no 15 Minutten 12:3 vir; Diddeleng konnt eréischt an der 7. Minutt an der Persoun vun der Joy Wirtz den éischte Gol markéieren. Zwee Matcher bannent 24 Stonne géint esou e staarke Géigner gi fir eng Ekipp vum Diddelenger Niveau séier un d'Reserven, an dat huet ee gemierkt. An der Paus stoung et scho 24:5 fir d'Spuenierinnen. Diddeleng konnt am zweeten Duerchgang op d'mannst verhënneren, dass Malaga keng 40 Goler gelonge sinn.
Schonn am Gespréich fir d'Saisonvirschau hat den Trainer Mikel Molitor d'Matcher géint Malaga als eng "eenzegaarteg Erfarung, wou mir als Ekipp erliewe kënnen an däerfe" bezeechent. Hien hofft, dass seng Ekipp dës Erfarung als néidege Motivatiounsschub fir d'Saison mathëlt.
Käerjeng - Anagennisi Artas 24:19
Virum Match wosst een net, op wat fir e Géigner ee sech astelle misst, well d'Saison a Griicheland nach net ugefaangen huet. Nom éischte Match kann ee soen, dass Käerjeng eng gutt Ausgangspositioun huet, fir als eenzeg lëtzebuergesch Ekipp eng Ronn weiderzekommen.
An enger golaarmer Ufanksphas (1:3 fir Artas no 7 Minutten) haten d'Gäscht aus Griicheland de bessere Start. De Käerjenger Motor hat e bësse gebraucht, bis en op Toure komm war. Virun allem géint déi staark Defense vun Artas huet ee sech schwéier gedoen. Spéitstens wéi d'Lena Kirtz an der 12. Minutt zum 4:4 markéiere konnt, war Käerjeng am Match ukomm. D'Feelpassen, déi am Ufank d'Spill vun de Gréng-Wäissen dominéiert hunn, konnten ofgestallt ginn a sou huet sech en enke Match entwéckelt.
Wéi d'Griichinnen an der 20. Minutt nees a Féierung goungen, huet den Trainer Dan Mauruschatt en Timeout geholl, dee sengen Damme guttdoe sollt. Uschléissend ware si souwuel am Ugrëff wéi an der Defense méi konsequent an och d'Golkippesch Zorana Jurcevic konnt eng Rei Parade sammelen. Well d'Daria Milek d'griichesch Defense viru vill Problemer gestallt huet, gouf d'Polin virun der Paus op Manndeckung geholl. Dat sollt awer net verhënneren, dass Käerjeng mat 14:11 an d'Kabinne goung.
Et war op béide Säiten en haselege Start an den zweeten Duerchgang, dee vu ville Feelschëss an technesche Feeler gepräägt war. Trotzdeem sollt Käerjeng hei de Grondstee fir d'Victoire leeën. Et war Artas unzemierken, dass de Kader mat just 13 Leit ze kleng war. D'Griichinnen hu fréi gepompelt an hunn an der Attack keng Léisunge géint eng staark Käerjenger Defense fonnt. Beim Stand vun 19:12 no 45 Minutte war scho kloer, dass de lëtzebuergesche Vertrieder als Gewënner vum Terrain goe sollt. Elo goung et just nach drëm, sech eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch ze verschafen.
Käerjeng hat eng komfortabel Avance vu 7 Goler, mee ab der 50. Minutt hu sech Konzentratiounsschwieregkeeten ageschlach an Artas koum nach eng Kéier op 4 Goler erun. Den Dan Mauruschatt huet seng Meedercher mat engem Timeout awer nach eng Kéier waakreg gerëselt, sou dass si mat 24:19 gewonnen hunn.
De Réckmatch géint den 13-fache griichesche Champion steet schonn e Sonndeg un. Da wäert sech weisen, wéi vill de Virsprong vu 5 Goler wäert ass.
WHC Metalurg Avtokomanda Skopje - Red Boys Déifferdeng 40:25
Fir Déifferdeng schéngt et eng kuerz zweet Aventure am European Cup ze ginn. D'Ekipp vum Trainer Michel Scheuren huet am Allermatch mat 25:40 géint WHC Metalurg Avtokomanda Skopje de Kierzere gezunn.
D'Nordmazedonierinnen, déi an de leschte Jore konstant ëm den Titel matgespillt hunn, hunn de Lëtzebuerger Gäscht direkt d'Grenzen opgewisen a louchen de ganze Match iwwer a Féierung. No 20 Minutte stoung de Score bei 7:12 aus Déifferdenger Siicht. Si konnten de Réckstand bis an d'Paus konstant halen (11:17). Mat engem 8:4-Laf bis an d'40. Minutt huet Metalurg Avtokomanda den Deckel séier dropgemaach an d'Lëtzebuergerinne louchen eng éischt Kéier 10 Goler hannen (15:25). Den héchste Réckstand fir Déifferdeng ware 17 Goler. D'Lola Scheuren (7) an d'Sarah Kupke (5) hunn op Déifferdenger Säit déi meescht Goler geschoss.
Och hei steet de Réckmatch schonn e Sonndeg um Programm.