Diddeleng mécht mat der Escher Jeunesse kuerze Prozess an de Champion Déifferdeng gewënnt zu Munneref. Nidderkuer rett ee Punkt géint Biissen.

Am Derby huet sech d'UNA Stroossen  2:0 géint den FC Mamer 03 duerchgesat. D'Gäscht stounge wuel gutt an der Defense, mee Stroossen konnt seng Iwwerleeënheet a Saache Ballbesëtz an der 25. Minutt notzen an zum 1:0 erasetzen. Wéi Mamer am zweeten Duerchgang méi Drock gemaach huet, ass hinnen an der Defense e Feeler ënnerlaf an huet en zweete Gol kasséiert. D'Ekipp vum Trainer Dean hat an der 86. Minutt d'Méiglechkeet, nach eng Kéier erunzekommen, mee de Jager huet den Eelefmeter net am Gol ënnerkritt. Um Enn gewënnt Stroossen verdéngt.

Stroossen gewënnt den Derby géint Mamer
D'UNA klappt den FCM verdéngt 2:0.

Den Tabelleleader Diddeleng huet mat der Jeunesse Esch kuerze Prozess gemaach, déi bal de komplette Match iwwerfuerdert war. Um Enn stoung et 4:0 fir d'Lokalekipp. No 28 Minutten huet den F91 de Score duerch den Azevedo Magalhaes opgemaach, obwuel de Match an där Phas zimmlech verflaacht war. Esch konnt weeder virun nach no der Paus op de Réckstand reagéieren. D'Lokalekipp konnt bannent 10 Minutten de Score ëm dräi Goler eropschrauwen, woumat d'Entscheedung fréi gi war. D'Escher Jeunesse muss sech e puer Gedanke maachen, well een ënnen net wierklech erauskënnt.

Nidderkuer huet zimmlech spéit ee Punkt géint Biissen gerett a bleift an der Tabell virum Opsteiger. No 90 Minutte stoung et am Stadion zu Uewerkuer 1:1. No enger ganz schlechter éischter Hallschent huet sech de Progrès am zweeten Duerchgang erëmkaaft an huet de Ball schnell lafe gelooss.

Péiteng konnt beim 2:1 géint de Racing déi éischt Victoire an dëser Saison feieren. De Champion Déifferdeng hat beim 3:1 zu Munneref keng Problemer.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Munneref - Déifferdeng 1:3

0:1 Brusco (52'), 0:2 Rauch (63'), 1:2 Baal (87'), 1:3 Pacheco (89')

Diddeleng - Jeunesse Esch 4:0

1:0 Azevedo Magalhaes (28'), 2:0 Rotundo (48'), 3:0 Delorge (55'), 4:0 Benkhedim (58')

Stroossen - Mamer 2:0

1:0 Perez (25'), 2:0 Nogueira Albuquerque De Souza (82')

Nidderkuer - Biissen 1:1

0:1 Abi Ramzi (4'), 1:1 Bouché (86')

Hesper - Kanech 1:0

1:0 Erkus (35')

Käerjeng - Hueschtert 2:2

0:1 Rodrigues (4'), 0:2 Altun (44'), 1:2 Boutrif (45'+1, Eelefmeter), 2:2 Boutrif (72')

Péiteng - Racing 2:1

0:1 Stolz (23'), 1:1 Hemkemeier (28'), 2:1 Schaus (74')

Rouspert - Rodange 0:1

0:1 Amiri (27')

D'Tabell