Barcelona geet mat desolater Leeschtung ënner

© AFP
De VfB Stuttgart geet no der Victoire géint Heidenheim als Véierten an d'Lännermatchpaus. Lyon léisst spéit dräi Punkte leien.
Bundesliga
Stuttgart - Heidenheim 1:0
1:0 El Khannous (65')
De Match war iwwer wäit Strecken net schéin unzekucken, well béid Ekippe sech neutraliséiert hunn. Stuttgart hat an der éischter Hallschent wuel méi Ballbesëtz, konnt awer näischt domat ufänken. Den Zweetleschten Heidenheim huet sech virun allem op d'Defense konzentréiert, huet awer an der 65. Minutt eng Kéier net opgepasst an den decisive Gol kasséiert. D'Gäscht haten an dësem Derby awer nach eng Chance op den Ausgläich, déi si awer net verwäerte konnten. Stuttgart huet den 1:0 iwwer d'Zäit gerett a gewënnt den drëtten Heemmatch hannerteneen zu null, wat ee fir d'lescht viru 34 Joer an der Meeschtersaison ënner dem Christoph Daum gepackt huet.
Hamburg - Mainz 4:0
1:0 Lokonga (6'), 2:0 Philippe (10'), 3:0 Dompé (52'), 4:0 Philippe (61')
Et war eng kloer a verdéngt Victoire fir den HSV. Duerch déi zwee fréi Goler haten d'Hanseaten eng breet Broscht, hu sech awer méi op Kontere konzentréiert a Mainz d'Spill iwwerlooss. Déi koumen awer zu kengen nennenswäerte Chancen. Nom Säitewiessel hunn nees zwee séier Goler fir d'Entscheedung gesuergt. Mainz bleift no dëser Néierlag déif am Tabellekeller, wärend Hamburg elo am Mëttelfeld ze fannen ass.
Mönchengladbach - Freiburg (19.30 Auer)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Brentford - Manchester City 0:1
0:1 Haaland (9')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Florenz - AS Roum 1:2
1:0 Kean (14'), 1:1 Soule (22'), 1:2 Cristante (30')
D'AS Roum feiert eng verdéngt Victoire géint Florenz. D'Fiorentina konnt no enger Konterattack a Féierung goen, mee d'Réimer hu séier reagéiert an no 8 Minutten ausgeglach. Kuerz drop hunn d'Gäscht de Match souguer gedréint kritt, wéi de Cirstante no engem Corner per Kapp eragesat huet.
Neapel - FC Genua 2:1
0:1 Ekhator (34'), 1:1 Zambo Anguissa (57'), 2:1 Höjlund (75')
Duerch dës Victoire spréngt Neapel nees un d'Tabellespëtzt, kann awer nach vum AC Mailand iwwerholl ginn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Lyon - Toulouse 1:2
1:0 Fofana (24'), 1:1 Emersonn (87') 1:2 Emersonn (90'+6)
Monaco - Nice 2:2
0:1 Diop (29'), 0:2 Diop (42', Eelefmeter), 1:2 Fati (45'+5, Eelefmeter), 2:2 Fati (56', Eelefmeter)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
FC Sevilla - FC Barcelona 4:1
1:0 Sanchez (13', Eelefmeter), 2:0 Romero (36'), 2:1 Rashford (45'+7), 3:1 Carmona (90'), 4:1 Adams (90'+6)
Duerch eng ganz schwaach Leeschtung huet den FC Barcelona d'Tabelleféierung u Real Madrid verluer an och déi éischt Néierlag an dëser Saison kasséiert. D'Néierlag an der Champions League géint de PSG ass hinne wuel net gutt bekomm. Sevilla huet vun Ufank un Drock gemaach a gouf dofir fréi belount. Well Barcelona keen Zougrëff krut, konnt Sevilla op 2:0 erhéijen. Nodeems de Rashford nach virun der Paus verkierze konnt, koumen d'Gäscht nom Téi besser an de Match, haten awer net déi néideg Reussite virum Gol. Sevilla huet seng Chancen dunn äiskal genotzt a verdéngt gewonnen.