Bei den Häre wënnt de Yonas Kinde, bei den Dammen d'Sandra Lieners
De Walfy gehéiert zum Walfer Vollekslaf, wéi d'Kroun zum Kinnek an och hei gëtt et all Joer en Trounwiessel.
Dëst Joer hat de Bob Melcher d'Walfy-Eier, als prominente Sportler. Hien huet 44 Mol an der Nationalekipp gespillt an 364 Championnatsmatcher, mat enger Abberzuel vun Titelen.
D'Team-Mentalitéit ass dem fréieren Top-Basketballspiller un d'Häerz gewuess. Kee Wonner deemno, dass hie vu Kolleege beim 12km-Laf begleet gouf. Zesumme mat 3.000 Leefer a Leeferinnen huet de Bob sech op de Wee an Direktioun Steesel gemaach.
Kaum waren déi Grouss ënnerwee, du war den Tour un de Kanner. De Walfer Vollekslaf ass bekannt dofir, fir eng grouss Popularitéit bei de Kanner ze genéissen. Dëst Joer waren et der ronn 700. Als Kand ass de Bob och matgelaf.
Ma och d'Zuel vun de Studente wiisst vu Joer zu Joer. Dëst Joer waren eng 900 mat um Depart aus verschiddene Schoulen, déi 5 km zeréckgeluecht hunn.
D'Initiativ kënnt vun der LASEL
No enger Stonn an e puer Minutten ass de Bob ukomm, mat der Kutsch, vu sengem Kolleeg. Solidaritéit, ënner Kollektivsportler, nennt een dat. Eng hallef Stonn virdrun hat de Yonas Kinde sech an de gutt gefëllte Palmarès als Vainqueur vum Vollekslaf agedroen, virum James Dunn.
D'Sandra Lieners ass zesumme mam Brudder Yannik als éischt Damm iwwert d'Linn gelaf, virum Saskia Daguenet. D'nächst Joer feiert d'Ekipp ronderëm d'Marianne Dondelinger de 50. Anniversaire da mat engem neie Walfy.