0:1-Defaite fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp géint Polen
D'U17-Nationalekipp huet virun 521 Spectateuren zu Käerjeng mat 0:1 géint d'U17 vu Polen verluer.
D'U17-Nationalekipp huet den Owend hiren zweete Match an der Qualifikatioun fir d'U17 Europameeschterschaft gespillt. Géint Polen stoung et do no 90 Minutten 0:1, dat no engem ganz spéide Gol vun de Gäscht.
An der éischter Hallschent waren et virun allem d'Lëtzebuerger, déi Drock gemaach hunn an och e puer Mol bis virun de géigneresche Gol komm sinn. Zwar koum dacks keen Schoss dobäi eraus an awer war d'Ekipp vum René Peters souwuel iwwer d'Säite wéi och iwwert de Fligel geféierlech. Nom Säitewiessel war de Match du méi ausgeglach a Polen konnt a punkto Méiglechkeeten ophuelen.
Ganz zum Schluss dann déi batter Pëll fir d'Lëtzebuerger. Den Hubert Smyrak gouf fräi zum Schoss komme gelooss an huet de Ball zum 1:0, aus Sicht vun de Gäscht, perfekt ënnen an de rietsen Eck gesat.
Dono sollt sech näischt méi um Resultat änneren an d'Lëtzebuerger hu sech missen um Enn, no enger ganz gudder Leeschtung, mat 0:1 géint Polen geschloe ginn. No den zwee gespillte Matcher géint Däitschland a Polen läit d'U17- Nationalekipp um Enn vun dëser Europameeschterschafts-Qualifikatioun mat 0 Punkten op der leschter Platz vum Grupp 13.