De Lëtzebuerger krut sech géint den Tomokazu Harimoto vun engem 0:2-Réckstand zréckgekämpft, huet sech dann awer missen am decisive 5. Saz geschloe ginn.

Beim WTT Star Contender zu London hat sech de Luka Mladenovic en Donneschdeg den Owend géint d'Nummer 64 op der Welt duerchgesat.

E Freideg de Mëtteg ass et dann an de 1/16-Finalle weider géint d'Nummer 4 vun der Welt gaangen. Géint de Japaner Tomokazu Harimoto gouf et um Enn eng knapp 2:3-Defaite. An den éischten zwee Sätz hat de klore Favorit aus Japan seng Stäerkt gewisen, ma de 26 Joer ale Lëtzebuerger huet sech net ënnerkréie gelooss a konnt sech duerch eng immens staark Leeschtung zréckkämpfen an op 2:2 ausgläichen. D'Decisioun sollt dann am decisive 5. Saz falen. Obwuel de Luka Mladenovic eng Rei Matchbäll ofwiere konnt, war dem Tomokazu Harimoto d'Victoire um Enn net méi ze huelen.