E Samschdeg den Owend stounge 5 Matcher vun den Aachtelsfinalle vun der Coupe am Dammefuttball um Programm.

Jonglënster huet sech beim Zweetligist Entente Housen/FF Norden souverän mat 9:0 duerchgesat, an och Mamer steet duerch eng 5:0-Victoire zu Rëmeleng an der Véierelsfinall.

Ell konnt sech mat engem däitleche 6:0 zu Diddeleng den Ticket fir d'nächst Ronn sécheren, a Kielen ass duerch e 4:0 géint d'Entente AS Red Black/Steesel den Ament déi eenzeg Ekipp aus den ënneschten Divisiounen, déi et ënnert déi leschten 8 gepackt huet.

Donieft ass och de Racing duerch de Forfait vu Mäerzeg een Tour weider.

Schonn e Freideg hat Déifferdeng beim 8:0 géint d'Entente Wëntger/Ëlwen näischt ubrenne gelooss.

E Mëttwoch stinn nach d'Matcher tëscht Beetebuerg an Dikrech an tëscht Suessem an Hesper um Programm.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Dammen