E Samschdeg stoung bei den Dammen a bei den Hären den Optakt vum 4. Spilldag um Programm.

Hären

Am Spëtzematch vum Spilldag huet Bartreng trotz zweemoleger Féierung 2:3 (25:16, 22:25, 25:22, 19:25, 12:15) géint Stroossen verluer. Nodeems Bartreng den 1. Saz relativ däitlech gewonnen huet, goufen et zwee méi enk Sätz, vun deene béid Ekippen ee fir sech entscheede konnten. Stroossen huet sech dunn de 4. Saz souverän geséchert an domat en decisive 5. Saz erzwongen, an deem de Champion déi besser Nerve bewisen huet an esou och d'Tabelleféierung mat engem Punkt Virsprong iwwerhëlt.

Fenteng hat auswäerts géint Amber-Lënster keng Problemer a konnt sech mat 3:0 (25:18, 25:13, 25:17) duerchsetzen.

Am spéiden Nomëtteg huet och Luerenzweiler sech zu Esch keng Bléisst ginn an d'Partie souverän mat 3:0 (25:14, 25:10, 25:13) fir sech decidéiert.

Dammen

Mamer huet sech zu Bartreng um Ufank schwéier gedoen an huet och den zweete Saz mussen ofginn, um Enn konnt ee sech awer 3:1 (25:20, 19:25, 25:13, 25:16) behaapten, woumat de Champion weider ouni Punktverloscht bleift.

Nodeems Walfer de leschte Weekend géint Bartreng déi éischt Defaite vun der Saison grad esou nach evitéiere konnt, war et e Samschde souwäit. Zu Esch huet d'Lokalekipp sech 3:1 (25:17, 25:21, 15:25, 25:16) géint d'Walferinnen duerchgesat, woumat Esch och an der Tabell elo ee Punkt méi wéi Walfer huet.

Donieft huet Stengefort kloer 3:0 (25:18, 25:16, 25:13) géint Fenteng gewonnen.