E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat d'Suite vum 11. Spilldag.

E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat d'Suite vum 11. Spilldag.

Der US Munneref ass virun den eegene Spectateuren eng 3:1-Victoire géint den F91 Diddeleng gelongen. D'Gäscht waren zwar besser an de Match gestart, konnten den eegene Ballbesëtz awer net konsequent op en Enn spillen. Kuerz virun der Paus haten déi Munnerefer dann eng gutt Phas, déi si mat der leschter Aktioun vun der éischter Hallschent mat engem Gol belount kruten. Nom Säitewiessel hat d'Lokalekipp hir Féierung mat enger gudder Ekippeleeschtung verdeedegt krut a wënnt no zwee weidere Goler vum agewiesselte Lilian Fournier um Enn verdéngt.

De Resumé vum Match Munneref géint Diddeleng
Fir den F91 Diddeleng gouf et e Sonndeg bei der US Munneref näischt ze huelen

Déifferdeng huet sech da mat 2:0 zu Rouspert behaapt. No enger onspektakulärer éischter Hallschent war et kuerz no der Paus de Luis Jakobi, dee fir d'Féierung vun de Gäscht suerge konnt. Duerno ass et der Lokalekipp dann net gelongen, an d'Geforenzon ze kommen, sou datt d'Gäscht vun Déifferdeng den 1:0 sécher iwwert d'Zäit bruecht an an der leschter Minutt da souguer nach op 2:0 erhéicht hunn.

Och d'UNA Stroossen huet seng Aufgab erfëllt a klëmmt no engem souveräne 5:0-Succès doheem géint Rodange duerch déi besser Goldifferenz virleefeg laanscht Déifferdeng, déi awer nach zwee Matcher ze spillen hunn, un d'Tabellespëtzt. No 45 Minutten ouni Gol haten d'Gäscht am Numm vum Kévin Schur an der 51. Minutt déi Rout Kaart gesinn. Dovun huet Stroossen profitéiert an ass nëmme fënnef Minutte méi spéit duerch en Eelefmeter vum Nogueira De Souza a Féierung gaangen. No dräi weidere Goler vum Nicolas Perez bannent enger véierel Stonn war de Match dann decidéiert.

An de weidere Partië vum Sonndeg huet BiissenHueschtert mat 7:1 deklasséiert, Käerjeng huet sech doheem mat 4:2 géint Mamer duerchgesat an eng 1:0-Victorie gouf et da jeeweils fir Péiteng géint Kanech a fir d'Jeunesse zu Hesper.

Fir den Optakt vum Spilldag hat sech e Samschdeg de Stater Racing beim Progrès Nidderkuer mat 3:1 duerchgesat.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Munneref - Diddeleng 3:1

1:0 Godart (45+2'), 2:0 Fournier (72'), 2:1 Lima (89'), 3:1 Fournier (90+3')

Biissen - Hueschtert 7:1

1:0 Ramzi (9'), 2:0 Ferber (15'), 3:0 Ferber (23'), 4:0 Santos Guimaraes (40'), 5:0 Eddarraj (48'), 6:0 Ferber (65'), 7:0 Santos Guimaraes (73'), 7:1 Caufriez (85')

Käerjeng - Mamer 4:2

1:0 Barbaro (45+2'), 2:0 Maison (55'), 2:1 Gerson (76'), 3:1 Dieye (81'), 3:2 Teles Santos (90+6'), 4:2 Dieye (90+11')

Stroossen - Rodange 5:0

1:0 De Souza (56'), 2:0 Perez (65'), 3:0 Perez (75'), 4:0 Perez (80'), 5:0 Myre (87')

Péiteng - Kanech 1:0

1:0 Arab (68')

Rouspert - Déifferdeng 0:2

0:1 Jakobi (54'), 0:2 El Idrissi (90')

Hesper - Jeunesse 0:1

0:1 Elshan (81')

D'Tabell