Lettland eng Nummer ze staark fir d'Rout Léiwen
© Fernand Schmitz
Dëse Weekend steet fir d'Hären-Nationalekipp en Doubleheader géint Lettland um Programm. Den éischte Match goung 20:28 verluer.
De 6. offizielle Match géint Lettland wäert Lëtzebuerg a kenger gudder Erënnerung bleiwen. D'Rout Léiwe verléieren den éischte Match vum Doubleheader am éischten Tour vun der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2027 20:28. Domat bauen d'Letten hir positiv Bilanz géint Lëtzebuerg op 4 Victoiren aus. Et huet ee Weyer, Guden & Co ugemierkt, dass de Loïc Kaysen an e Lénkshänner am Réckraum gefeelt hunn.
De Match hat fir Lettland denkbar schlecht ugefaangen; an och fir Lëtzebuerg. De Valdis Kalnins huet sech an der 4. Minutt blesséiert, dohier koum den Dainis Kristopans, den 2,15-Meter-Mann vun der MT Melsungen, fréi op den Terrain. Den Champions-League-Gewënner vun 2019 konnt senger Ekipp an der Defense Stabilitéit ginn an huet och am Ugrëff fir Akzenter gesuergt.
Den Dainis Kristopans konnt senger Ekipp bei sengem Comeback hëllefen. / © Yannick Glod
De Lëtzebuerger Ugrëff huet net richteg an de Match fonnt an ass an der éischter Véierelstonn 6 Mol um lettesche Golkipp gescheitert. No der Auszäit vum Nationaltrainer Maik Handschke (4:8 no 16 Minutten) koumen d'Rout Léiwe besser an de Match a waren an der 26. Minutt nees op 2 Goler drun (9:11). D'Lette konnte sech awer bis an d'Paus op 13:9 ofsetzen.
De Start an déi zweet Hallschent war nees denkbar schlecht aus Siicht vun de Roude Léiwen. D'Letten hu mat engem 3:0-Laf bannent 4 Minutten de Virsprong op 7 Goler ausgebaut. Dat sollt d'Virentscheedung sinn, well vun dësem Réckstand huet sech Lëtzebuerg net méi erholl.
Déi jonk lettesch Ekipp - déi meescht sinn eréischt Ufank 20 - huet sech de Botter net méi vun der Schmier huele gelooss an de Match souverän op en Enn gespillt. An der 48. Minutt hate si mat 8 Goler de gréisste Virsprong. Mam leschte Ball hu si dëse Virsprong nach eng Kéier zementéiert.
Lëtzebuerg huet sech de ganze Match iwwer ze vill technesch Feeler geleescht a war ze inkonsequent virum Gol - eng Dose Mol si fräi Bäll net am Gol ënnerbruecht ginn. Dobäi koumen nach déi Abberzuel Parade wéinst der gudder Zesummenaarbecht tëscht der lettescher Defense an hirem Golkipp. D'Lëtzebuerger Golkipper waren och net schlecht drop, kruten awer net esou dacks d'Hand un de Ball.
D'Hoffnung, fir d'Qualifikatioun am zweete Match awer nach ze kréien, ass net onbegrënnt. An der Quali fir d'EM 2026 haten d'Rout Léiwen eng Defaite vu 7 Goler nom Allermatch nach gedréint an de Retour mat 8 Goler Ënnerscheed gewonnen. E Sonndeg brauch et eng weider Glanzleeschtung wéi am Januar 2024. An d'Ënnerstëtzung an der Coque muss och do sinn.
Lëtzebuerger U18 mat schwéierem Stand
Nieft de Matcher vun der A-Nationalekipp géint Lettland spillt och de Lëtzebuerger Nowuess e Qualifikatiounsturnéier fir d'Europameeschterschaft 2026. Dass sech déi jonk Rout Léiwen dofir qualifizéiere wäerten, ass no zwee Matcher awer onwarscheinlech.
E Freideg hat d'U18 no enger staarker éischter Hallschent am zweeten Duerchgang de Schwong verluer a musst sech mat 21:27 géint Griicheland geschloe ginn.
© Fernand Schmitz
D'Ekipp vum Trainer Maik Handschke, deen dëse Weekend an duebeler Funktioun agéiert, goung och e Samschdeg als Verléierer vum Terrain. Trotz engem gudde Start haten déi jonk Rout Léiwe Finnland net vill entgéintzesetzen. An der Paus louche si 12:18 hannen an och nom Säitewiessel haten d'Finne kloer d'Iwwerhand. Virun allem hire Golkipp huet de Lëtzebuerger mat ville Paraden d'Liewe schwéier gemaach. Um Enn stoung et 32:24 fir d'Skandinavier an engem gutt gefëllte Gymnase vun der Coque.
Well d'Griichen de grousse Favorit Nordmazedonien e Samschdeg duerch e staarke Schlusspurt 32:31 geklappt hunn, sti si am Moment op der éischter Plaz an hunn déi bescht Ausgangspositioun, fir nächste Summer bei der EM dobäi ze sinn. D'Decisioun fält am Match géint Finnland.
D'Lëtzebuerger U18 kritt et e Sonndeg am Virfeld vum Härematch mat Nordmazedonien ze dinn, dat virun der Campagne als stäerkste Géigner ageschat gi war.