D'Passioun fir eng Sportaart iwwerdréit sech an der Famill
D'Hummerwerfe rëselt een net aus dam Arem an et gehéiert reegelméissegen Training derzou, och an der Masterskategorie.
30 Joer Badminton spillen, national an international, Welt- an Europameeschter-Titelen a souguer e Weltrekord hunn. D'Mireille Tonizzo huet bewisen, dass dëst méiglech ass. D'Master-Kategorie fänkt mat 35 Joer un an all fënnef Joer gëtt an enger anerer Kategorie geworf.
D'Hummerwerfe rëselt een net aus dam Arem an et gehéiert reegelméissegen Training derzou, och an der Masterskategorie. Mam Sofia Snãl geheit si beim Hummerwerfe mam ronn 9 Kilogramm schwéieren Hummer, deen si ausserhalb vun der Saison als Trainingsmëttel benotzt.
Déi 17-järeg Athletin huet den nationale Rekord, dëst Joer siwe Mol, mam Standard-Hummer gebrach. Wéi a villen Sportsdisziplinnen iwwerdréit sech d’Passioun fir eng Sportaart, och an der Liichtathletik, oft bannent der Famill. De Steve Weiwert dominéiert bei den Hären. De Bielesser huet d'lescht Woch en neien nationale Rekord mam 15,80 kg schwéiere Gewiicht opgestallt a strieft mam normale Gerät eng Qualifikatioun fir d’"Jeux de la Francophonie" un.
Hannert all deene Werfer, steet mam Steve Tonizzo en engagéierten Trainer. Nieft dem Werferfeld, steet zanter Kuerzem eng fonkelnei Hal, déi et de Werfer erlaabt, wärend der schlechter Saison vu bannen no baussen ze werfen.
Elo gëtt am Wanter fläisseg trainéiert. Mir si gespaant wou den Hummer d'nächst Saison wäert landen.