D'U21 Nationalekipp verléiert am Stade Émile Mayrisch zu Esch mat 1:3 géint d'U21 vu Island.

D'Lëtzebuerger U21-Nationalekipp huet en Donneschdeg den Owend hire véierte Match an der Qualifikatioun fir d'U21-Europameeschterschaft gespillt. Do stoung et no 90 Minutten 1:3 aus Lëtzebuerger Sicht.

An der éischter Hallschent waren et virun allem d'Lëtzebuerger, déi de Ball haten. D'Goler hunn awer d'Gäscht aus Island markéiert. No 15 Minutte war et den August Orri Thorsteinsson, deen de Ball no enger schéiner Pass an de Laf onhaltbar erasetze konnt. Dono hunn d'Lëtzebuerger zwar probéiert direkt erëm auszegläichen, geklappt huet dat awer net. No 25 Minutten huet Lëtzebuerg da scho missen den 0:2 schlécken. Et war den Haukur Andri Haraldsson, dee vu Feeler an der Defense profitéiert huet.

An der zweeter Hallschent war de Match ausgeglach. Lëtzebuerg konnt dunn zimmlech séier op 1:2 verkierzen. De Miguel Goncalves huet de Ball flott aus der Distanz an de Gol gesat. Kuerz drop op en Neits déi kal Dusch fir d'Lokalekipp. De Joao Margato ass net séier genuch aus dem Gol komm an Island huet dovu profitéiert, fir duerch den Eggert Aron Guðmundsson op 3:1 ze stellen. Domadder war dës zweet Hallschent awer nach net gelaf. An der 80. Minutt konnt sech de Joao Margato awer nach eng Kéier auszeechnen an een Eelefmeter vun Island halen.

Dono sollt sech näischt méi um Resultat änneren an d'Lëtzebuerger mussen sech um Enn mat 1:3 géint Island geschloe ginn. Als nächste Géigner an der Qualifikatioun fir d'U21 Europameeschterschaft steet d'Schwäiz um Programm an dat schonn den nächsten Dënschdeg.