Virun der Retourpartie géint MaltaFragezeichen hannert dem Tiago Pereira, gréng Luucht beim Anthony Moris

Sam Rickal
En Dënschdeg spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp hir Retourpartie am Nations-League-Playoff am Stade de Luxembourg géint Malta.
Den FLF-Nationaltrainer Jeff Strasser am RTL Interview beim Jeff Kettenmeyer
D’Rout Léiwe spillen en Dënschdeg hir Retourpartie am Nations-League-Playoff am Stade de Luxembourg géint Malta.

Den Allersmatch hunn d’Rout Léiwen 2:0 auswäerts gewonnen. Duerch Goler vum Vincent Thill an dem Mathias Olesen konnt sech d’FLF-Selektioun am Ta’Qali Stadion op Malta behaapten. Et war en haart Stéck Aarbecht fir d’Rout Léiwen. Spilleresch war et net déi bescht Lëtzebuerger Prestatioun, mee um Enn zielt dofir awer d’Resultat an dëst ass ëm sou méi wichteg. Dat huet och den Nationaltrainer Jeff Strasser e Méindeg um Ofschlosstraining esou gesinn.

“Mir waren net mat allem zefridden. Dat ass och gutt. Wann een e Match 2:0 gewënnt, dat ass een net mat allem zefridden, dat ass e gutt Gefill fir de Retourmatch. Mir wëssen, dass Malta an den Ëmschaltmomenter gutt ass, do drop musse mir preparéiert sinn. Si sinn awer och just gutt, well mir am Allersmatch vill ze vill einfach Bäll verluer hunn. Dat gëllt et ofzestellen.”

Fir e Schreckmoment huet den Anthony Moris gesuergt. Den 79-fachen Nationalgolkipp gouf an der 68. Minutt blesséiert ausgewiesselt. Den Nationaltrainer Jeff Strasser huet zwar Entwarnung ginn, dofir gesäit et beim Tiago Pereira, deen déi lescht Deeg krank war, manner gutt aus.

Den Anthony huet haut normal trainéiert, dofir gi mer och dovun aus, datt dat fir muer kee Problem ass. Beim Tiago ass et esou, datt säi gesondheetlechen Zoustand haut nach net erlaabt huet ze trainéieren. Do kucke mir muer wéi dat ass. Mir hu 4 gutt Golkipper an da wäerten dräi Stéck dovunner muer op der Feuille de Match sinn.”

Déi 2:0-Victoire vum leschten Donneschdeg gëllt et lo muer am Stade de Luxembourg ze confirméieren. Ziele kann d’FLF-Selektioun op de Réckhalt vun de Lëtzebuerger Supporter. De Stadion ass komplett ausverkaaft. Eng wichteg Stäip fir Strasser, Barreiro a Co. fir de Maintien an der Liga C vun der Nations League fix ze maachen. Genau dofir gëllt et, d’Feeler aus dem Allersmatch ze evitéieren.

“Mir hunn de Match gekuckt a wëssen, dass mir déi éischt Hallschent immens vill Ballbesëtz haten. An dee Ballbesëtz musse mir am leschten Drëttel besser ausnotzen, fir méi Golgeleeënheeten ze kréien. D’Possessioun vum Ball war gutt, se muss am leschten Drëttel awer zu bessere Golchancë féieren. Defensiv musse mir eebe méi konzentréiert sinn, well am Fong hat Malta déi eng oder aner Golgeleeënheet, mee déi sinn awer éischter no eise Feeler entstanen, wéi wa si se erausgespillt hätten. Deementspriechend wäerten d’Ëmschaltmomenter ganz wichteg sinn.”

D’Retourpartie tëscht Lëtzebuerg a Malta kënnt Dir en Dënschdeg vu 17.45 Auer un um RTL Zwee, um Radio, um RTL Play an op RTL.lu live suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO