Een Heemspill fir d’Lëtzebuerger Nationalekippen. Fir esou eng Competitioun muss ee gutt virbereet sinn. Komplett Duerchgäng a kleng Verbesserungen, esou gesäit den Training bei de Junior Männer- a Fraen-Nationalekippen am Turnen zwou Woche virum Luxembourg Open aus. D’Kompetitioun den 2. Abrëll ass net nëmmen Deel vum nationale Championnat, mee och e wichtegen international Rendez-vous. E puer vun de jonke Lëtzebuergerinne kéinte sech nach fir d’Europameeschterschafte qualifizéieren. D’Preparatioun leeft no engem ganz präzise Plang. Um Ufank vum Joer gi konkret Ziler festgeluecht, déi da wärend der Saison ëmgesat ginn.
“On écrit sur un papier, on se dit, j ‘aimerais bien faire ça et après on se fixe un nombre de points, donc si par exemple, moi je me dis, je veux faire 75 points, c’est mon objectif pour le Lu Open, c’est ça que j ‘aimerais bien arriver à faire”, erkläert de jonken Turner Hugo Gaspar. Fir de Luxembourg Open präparéiere si sech wärend ronn 8 Wochen. Amplaz vun eenzelen Elementer ginn ëmmer méi komplett Übungen trainéiert.
“On essaye d’aller jusqu ‘au bout, on fait de notre mieux, et puis là, on fait deux semaines où on fait vraiment beaucoup de complets par agrès, c’est plus physique, puis après on se sent de plus en plus près (…) je suis à deux semaines, et je fais juste un ou deux complets par agréis, parce que je suis prêt, j ‘ai plus besoin de physique, donc maintenant c ‘est les détails.”
Um Enn kënnt et op all klengen Detail un. Mat der Videoanalys gëtt all Element auserneegeholl.
De Jacques Renson, Trainer vun der Männer-Nationalekipp erkläert: “On fait beaucoup de vidéos aussi, donc du coup on analyse aussi les mouvements un peu au ralenti, pour aller chercher les détails, qui parfois ne sont pas toujours même perceptibles à l’œil nu, on va dire. Et donc du coup j’ai une approche maintenant, où j’essaye de cibler sur les détails, les sensations aussi, et tout doucement aussi les préparer mentalement pour qu ‘ils soient prêts le jour J.”
Fir den Hugo ass de Luxembourg Open éischter eng Preparatiounscompetitioun. Fir d’Junior-Meedercher steet awer nach eppes um Spill. Ausser dem Valentina Marochi huet nämlech nach keng aner Sportlerin sech fir d’Europameeschterschafte qualifizéiert, esou de Piotr Kopczynski, deen d’Fraen-Nationalekipp trainéiert.
“Pour nous, ce sont les compétitions qualificatives pour le Championnat d’Europe. Donc nous, on va essayer, dans ce plateau international, qui est assez difficile, de faire mieux pour peut-être qualifier une ou deux filles. Pour le moment, on a Valentina qui est déjà qualifiée
Mat der Qualifikatioun an der Täsch kann d’Valentina méi entspaant un de Luxembourg Open erugoen. Eng gewëssen Unzuel u Punkten an eng Final op der Putter erhofft déi jonk Turnerin sech awer: “Also, ech wëll gutt erauskommen, mee et ass och fir Spaass ze hunn an ech wëll einfach weisen, wat ech kann. Mee, fir mech ass d’Objektiv einfach d’Europameeschterschaft.
Eng Competitioun doheem hätt ëmmer eng speziell Bedeitung. Et wäerten och nach dräi Senior-Männer an d’Celeste Mordenti als Senior-Fra, fir Lëtzebuerg den 2. an 3. Abrëll matmaachen. Dës trainéieren awer aktuell net méi zu Lëtzebuerg.