Schi Alpin
Mikaela Shiffrin dominéiert beim Slalom-Optakt zu Levi
© AFP
E Samschdeg de Moie stoung a Finnland den éischte Slalom vun der neier Saison um Programm.
Dobäi huet d'Mikaela Shiffrin direkt een Zeeche gesat an hirer Konkurrenz keng Chance gelooss. No den zwee Duerchgäng stoung si mat engem groussen Ecart vun 1.66 Sekonne virun der Albanerin Lara Colturi an 2.59 Sekonne virun der Emma Aicher aus Däitschland ganz uewen um Podium. Fir d'US-Amerikanerin ass et déi 102. Weltcup-Victoire an hirer Karriär.
E Sonndeg steet dann och fir d'Hären den éischte Slalom vun der Saison am finnesche Levi un.
Am meeschte gelies