ATP-Finals am Tennis
Dramfinall zu Turin mat Sinner géint Alcaraz
© AFP Symbolbild
Bei den ATP-Finals am Tennis zu Turin heescht d'Finall Jannik Sinner géint Carlos Alcaraz.
Den Italiener Sinner huet an der Halleffinall an zwee Sätz 7-5 an 6-2 géint den Australier Alex de Minaur gewonnen. Op der anerer Säit huet sech de Spuenier Alcaraz an 2 Sätz 6-2, 6-4 géint de Felix Auger-Aliassime aus Kanada duerchgesat.
D'Finall zu Turin ass e Sonndeg den Owend um 18 Auer.
Am meeschte gelies