Am Äishockey huet den Tornando an der zweeter Divisoun a Frankräich um 6. Spilldag 6-4 zu Orléans gewonnen.

Nodeems Lëtzebuerger den éischten Drëttel scho mat 3:0 vir louchen, sinn Haushären am zweeten Drëttel op 3:3 erukomm éier Spiller vum Christer Eriksson den 4:3 erzielen konnte.

Nëmmen 12 Sekonne viru Schluss vum zweeten Drëttel hunn d'Fransousen eng duebel Strof vun den Lëtzebuerger ausgenotzt an zum 4:4 ausgeglach.
Am leschten Drëttel huet den Tornado awer nogeluecht a konnt sech mam 5:4 e klenge Virsprong verschafen.

Nodeems Orléans an der leschter Minutt alles op eng Kaart gesat huet a ee Spiller fir en 6. Feldspiller vum Äis geholl huet, konnt Tornado mat engem Empty Net Goal nach den 6. Gol schéissen a brénge mam Schlussresultat vun 6:4 déi dräi Punkte mat op Lëtzebuerg.

Duerch dëst Resultat klammen d'Lëtzebuerger zwou Plaze virun Orléans an de Français Volants op déi 6. Tabelleplaz.

D'Français Volants sinn och den Géigner den nächsten Samschdeg um 19.00 Auer op der Kockelscheier.

An der Belsch hu sech d'Beaufort Knights 6:1 bei sech doheem géint Charleroi duerchgesat. Nächsten Samschdeg hu si d'Herentals op Besuch.