Bei den FLT-Masters am nationalen Tennis-Zenter zu Esch heescht d'Finall bei den Hären Raphael Calzi géint Alex Knaff.

Bei den Damme stinn d'Laura Correia an d'Lucie Rabiot an der leschter Ronn.
 
An der Halleffinall huet de Calzi an 3 Sätz, 6-2, 4-6, an 6-4 géint de Gilles Kremer gewonnen. De Knaff huet dem Christophe Tholl beim 6-0, 6-0 keng Chance gelooss.