An der National Football League waren dëse Weekend d'Partië vum 11. Spilldag.

Direkt zwou am Virfeld interessant Partië gouf et dëse Weekend. Engersäits waren dëst d'Rams, déi doheem géint d'Seahawks sollte spillen. Béid Ekippe konnte virun dëser Partie siwe vun hiren néng Matcher gewannen a sinn um ganz gudde Wee, sech fir d'Playoffs ze qualifizéieren. Eng Néierlag an dëser Partie wier fir béid Ekippen elo kee grousse Beebroch, ma fir déi final Placéierung kéint se awer eng wichteg Roll spillen.

Béid Ekippe ware mat enger gudder Verdeedegung an d'Partie gestart an d'Rams konnten eréischt aus hirem zweete Ballbesëtz Punkte maachen, esou datt si 7:0 a Féierung konnte goen. D'Seahawks koume kuerz drop op 3:7 bäi, ma d'Rams haten nees en Touchdown nogeluecht. Am zweeten an am drëtte Véierel waren der Heemekipp aus Los Angeles keng Punkte gelongen an d'Seahawks koume Field Goal per Field Goal op nach just 12:14 bäi. Am Ufank vum leschte Véierel hunn d'Rams dann hiren drëtten Touchdown markéiert an op 21:12 gesat. Der Ekipp aus Seattle sollt an deem Quarter dann och hiren éischten Touchdown geléngen, dat ass awer net duergaangen, fir déi knapp 19:21-Néierlag ze verhënneren.
 
Däitlech méi Punkten an ëmmer nees eng nei Ekipp a Féierung kruten d'Fans zu Buffalo ze gesinn, well d'Bills an d'Buccaneers hu sech en offensiivt Festival geliwwert. Mol war et 7:3 fir d'Bills oder 17:14 fir d'Bucs. Wärend den éischten dräi Quarter konnt sech keng Ekipp ofsetzen a béid Ekippen hunn am Ugrëff all Kéiers kloer d'Schwächte vun der Defense vum Géigner ausgenotzt, fir zu hirem ze kommen. Ma och d'Defense an d'Spezial Teams konnten op béide Säite geleeëntlech glänzen, sief et duerch Interceptions oder gutt Returns. D'Fans kruten also bei dësem Match vill gebueden. Lescht Féierung fir Tampa gouf et iwwregens beim 32:31 am Ufank vum leschte Véierel. Dono konnt d'Defense vun de Bills si stoppen d'Attack vun der Heemekipp den Avantage op 44:32 ausbauen.
 
Mat dëser Victoire klammen d'Bills elo op e Score vu siwe Victoiren an dräi Néierlagen a bleiwen un de Patriots drun, déi zanter dësem Weekend bei 9:2 stinn. D'Team vu Foxborough konnt sech nämlech doheem zimmlech kloer mat 27:14 géint d'Jets duerchsetzen. D'Jets konnten zwar mat 7:0 a Féierung goen, konnten awer dräi Touchdowns vun de Patriots dono net verhënneren an eréischt nom 21:7-Réckstand nees siwe Punkte maachen. D'Patriots hunn da mat zwee Fieldgoals zum Schluss nach op 27:14 gesat.
 
An enger weiderer Partie, déi vill Fans erwaart hunn, konnten d'Broncos hir néngte Victoire aus 11 Matcher feieren. Et war eng Partie, déi vun der Defense aus Denver respektiv Kansas City dominéiert gouf. Well an der Paus stoung et grad emol 6:6, well béid Ugrëffekippe just zwee Fieldgoals an 30 Minutten hikruten. Am drëtte Véierel konnten da béid en Touchdown markéieren an op 13:13 setzen. Wärend d'Broncos dono mat engem weidere Fieldgoal a Féierung goe konnten, hunn d'Chiefs en zweeten Touchdown nogeluecht an nees op 19:16 gesat. Ma an de leschte bal 10 Minutte vun dëser Partie sollte si keng Punkte méi hikréien, esou datt zwee weider Fieldgoals de Broncos duergaange sinn, fir zum Schluss knapp 22:19 ze gewannen.
 
Géif d'Saison elo op en Enn goen, wieren d'Chiefs duerch dës Néierlag net fir d'Playoffs qualifizéiert. An der AFC, wou si spillen, wieren d'Broncos, d'Patriots, d'Colts, d'Steelers, d'Bills, d'Chargers an d'Jaguars mat dobäi. An der NFC wieren et d'Eagles, d'Rams, d'Bears, d'Buccaneers, d'Seahawks, d'Packers an d'49ers.
 
All d'Resultater am Iwwerbléck
 
New York Jets – New England Patriots 14:27
Washington Commanders – Miami Dolphins 13:16
Carolina Panthers – Atlanta Falcons 30:27
Tampa Bay Buccaneers – Buffalo Bills 32:44
Los Angeles Chargers – Jacksonville Jaguars 6:35
Chicago Bears – Minnesota Vikings 19:17
Green Bay Packers – New York Giants 27:20
Cincinnati Bengals – Pittsburgh Steelers 12:34
Houston Texans – Tennessee Titans 16:13
San Francisco 49ers – Arizona Cardinals 41:22
Seattle Seahawks – Los Angeles Rams 19:21
Baltimore Ravens – Cleveland Browns 23:16
Kansas City Chiefs – Denver Broncos 19:22
Detroit Lions – Philadelphia Eagles 9:16
 
D'Colts an d'Saints haten dëse Weekend spillfräi. An der Nuecht op en Dënschdeg spillen d'Cowboys nach géint d'Raiders.