Dominique Riefstahl gesäit de Lando Norris nach ëmmer an der Favoritteroll
© AFP
Déi béid McLaren-Pilote sinn nom Grousse Präis vu Las Vegas disqualifizéiert ginn. De Max Verstappen war de grousse Gewënner vum Weekend.
Et geet Schlag op Schlag an der Formel 1. No Las Vegas ass viru Katar. Virun allem spieren d'McLaren-Pilote Lando Norris an Oscar Piastri, no der Disqualifikatioun am Nevada duerch d'Holz-Plack um Ënnerbuede vun hirem Auto, déi ze dënn war, datt de Max Verstappen am Weltmeeschterschaftsklassement op Red Bull ëmmer méi no kënnt. De Norris huet zwou Coursse viru Schluss un der Spëtzt just nach 24 Punkten Avance op de Verstappen. Den Ecard op de Piastri war et och viru Las Vegas schonn deen nämmlechten, dat heescht och 24 Punkten. Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl seet awer, datt de 26 Joer ale Britt d'Kaarte nach ëmmer selwer an der Hand huet.
"Dem Lando Norris seng Championnats-Chancë stinn nach ëmmer extrem gutt do. E brauch jo nëmmen e puer Punkten am Katar guttzemaachen an dann ass e scho Weltmeeschter. E misst nach eng Kéier eng Nuller-Course hunn, wou dann déi aner alleguerten d’Punkte mat heem huelen, fir datt de Championnat nach eng Kéier enk gëtt, fir Abu Dhabi. Kann natierlech statistesch passéieren, ass allerdéngs éischter onwarscheinlech. Wat méi interessant gëtt, ass déi faméis Affär mam Ënnerbuedem. Wann tatsächlech do Saache gemaach ginn, déi sollen hëllefen, den Ënnerbuedem ze schützen, an där d'FIA lo hannendru komm ass, da kann et gutt sinn, datt McLaren u Performance verléiert, datt déi nach eng Kéier no hannen zeréckrutschen, an datt Red Bull eventuell besser besteet. Ass awer alles spekulativ, also ze wäit hier gegraff. Et muss ee Mol kucken, wat am Katar passéiert. Virun allem ass dat ee Circuit, deen erëm e propperen F1 -Circuit ass. Do misst u sech erëm McLaren an der Reiefolleg haushéich virun allem anere sinn."
E Freideg geet et am Katar scho weider. Da steet nees e Sprint-Weekend um Programm. Do kënnen d'Piloten maximal 33 Punkte kréien. Déi Woch drop ass dann d'Saison-Final zu Abu Dhabi.