Dammevolleyball, 6. Spilldag: Walfer-Iechternach 3:1, Péiteng-Gym 0:3, Bartreng-Esch 3:2, Stengefort-Mamer 0:3.

Nom 6. Spilldag féiere bei den Damme Walfer, Mamer  a Gym d'Tabell un. Walfer gewënnt 3:1 géint Iechternach an d'Gym setzt sech mat 3:0 zu Péiteng duerch.

An der 3. Partie um Samschdeg huet Bartreng 3:2 géint Esch gewonnen. De Sonndeg klappt Mamer Stengefort mat 3:0.

Bei den Hären verléiert Walfer 0:3 géint Luerenzweiler a Péiteng verléiert mam nämmlechte Resultat géint Stroossen. Eng 3:0-Victoire gouf et och fir Dikrech zu Bartreng. De Sonndeg verléiert Bouneweg 0:3 géint Fenténg.

Chev Dikkrech souverän
Um 6.Spilldag vum Volleyball Championnat gewennt den Chev Dikkrech 3 - 0 zu Bartreng

Gilles Braas bleift an der 2. Bundesliga vir

An der 2ter daitscher Bundesliga bleift d'Equipe rondërem de Lëtzebuerger Gilles Braas weider ongeschloen un der Spëtzt vun der Tabell.

Um 6te Spilldag klapptCoburg/Gruber den TUS Durmersheim 3:0 - an de Sätz 27-25, 27-25 a 25-23.