Als enzege Lëtzebuerger Vertrieder an der Coupe d'Europe huet Strossen um Mëttwochowend an der 2. Ronn an 3 klore Sätz géint Moers aus Däitschland verluer.

De Réckmatch ass e Mëttwoch, 21. November ëm 19.30 Auer zu Stroossen an et dierft schwéier ginn, den Exploit vum viregte Joer ze widderhuelen.

Stroossen hat jo d'lescht Joer d'Konschtstéck fäerdeg bruecht, no engem 0:3 am Aller, awer nach an den 3. Tour ze kommen, andeems si de Retourmatch - an och de sougenannte Golden Set - fir sech entscheede konnten.