Härevolleyball: An der Spëtzepartie vum 10.Spilldag wënnt Dikrech 3:2 géint Stroossen. Bei den Dammen bleiwen Mamer a Walfer weiderhin un der Tabellespëtz.

Um Sonndeg huet Luerenzweiler 3:0 zu Bouneweg gewonnen.

Um Samschdeg schonn hat Dikrech jo an der Spëtzepartie 3-2 géint Stroosse gewonnen.

Eng 3:1-Victoire gouf et dann nach fir Walfer géint Péiteng.

Bei den Dammen verléiert Esch 0:3 géint d'Gym, Walfer wënnt knapp mat 3:2 géint Péiténg, Stengefort klappt Iechternach mat 3:0 a Bartréng verléiert 0:3 géint Mamer.