Volleyball: Spëtzentrio bei den Häre setzt sech duerch

Um 5. Spilldag vum Volleyballchampionnat hunn Dikrech, Bartreng a Stroossen hir Matcher gewonnen. Och Walfer huet kënnen eng Victoire feieren.
Bartreng gewënnt auswäerts 3:1 géint Bouneweg, en 3:1 gouf et och fir Dikrech zu Luerenzweiler a Stroossen huet sech doheem 3:0 géint Stengefort duerchgesat.
E Sonndeg huet Walfer sech 3:0 géint Fenteng duerchgesat.
Domat bleift Stroossen, bis elo nach net geschloen, Tabelleleader.
Bei den Damme gewënnt Walfer 3:0 géint d'Gym, eng 3:0-Victoire gouf et och fir Bartreng géint Iechternach a fir Péiteng doheem géint Dikrech. 3:1 dann huet Mamer doheem géint Stengefort gewonnen.
Am meeschte gelies