Volleyball: Mamer klappt Walfer mat 3-0

Um 7. Spilldag bei den Dammen wënnt Mamer de Spëtzematch géint Walfer mat 3-0, Dikrech verléiert 0-3 géint Bartréng an Gym spillt 3-2 géint Iechternach.
D'Partie Péiteng géint Stengefort gouf verluecht. Mamer domat neien Tabelleleader, dat virun Walfer a Bartreng.
Bei den Häre wënnt den Tabelleleader Stroossen 3-1 géint Walfer, Stengefort verléiert 0-3 géint Luerenzweiler an Dikrech wënnt ouni Problem 3-1 géint Bartreng.
Um Sonndeg klappt nach Bouneweg Fenteng mat 3-1.
Stroossen bleift weiderhin un der Tabellespëtzt.
Am meeschte gelies