Bei den Damme wanne Luerenzweiler, Iechternach a Bartreng. Bei den Häre setze sech Luerenzweiler, Dikrech a Fenteng duerch.

Bei den Damme wënnt Luerenzweiler 3-0 géint Biekerech (25-12, 25-7, 25-10). Och Iechternach wënnt 3-0, an zwar géint Amber/Lënster (9-25, 21-25, 20-25), genausou wéi Bartreng géint Dikrech (25-14, 25-17, 25-12).

Um Sonndeg setzt sech Stroossen 3-0 géint Esch duerch (25-10; 25-16; 25-8), Walfer gewennt 3-0 géint d´Gym (25-14; 25-13; 25-19), Wolz verléiert 0-3 géint Mamer (14-25; 10-25; 11-25) a Péiteng zitt och mat 0-3 géint Stengefort de Kierzeren (19-25; 15-25; 20-25).

Bei den Häre wënnt Luerenzweiler 3-0 (25-13, 25-8, 25-13)  géint Amber/Lënster. Dikrech schléit Esch och 3-0 (25-15, 25-21, 25-20). Schlussendlech wënnt och Fenteng géint Bartreng, an zwar mat engem 3-1.

Um Sonndeg verléiert Biekerech 0-3 géint Stroossen (11-25, 8-25, 7-25), Wolz zitt 1-3 géint Péiteng de Kierzeren (22-25; 18-25; 25-18; 15-25) an Iechternach verléiert 0-3 géint Bouneweg (21-25; 22-25; 17-25).