Volleyball: Stroossen-Dikrech a Luerenzweiler-Bouneweg

Am Volleyball goufen um Méindeg d'Halleffinallen an der Coupe de Luxembourg gezunn.
Bei den Damme spillt Stroossen aus der 1. Divisioun um Donneschdeg, 6. Februar géint Mamer. Duerno ass et dann d'Partie Walfer géint Bartreng.
Deen Dag drop ass et un den Hären. Den Titelverdeedeger Stroossen kritt et mam Champion Dikrech ze dinn a Luerenzweiler muss géint de VC Bouneweg untrieden.
D'Matcher sinn all um Belair.
Am meeschte gelies