Am Volleyball stoung den 3. Dag vum NovotelCup um Programm. Do verléieren d'Lëtzebuerger Hären e Sonnden 2-3 géint Däitschland a kommen op déi zweet Plaz.

Fir d'Lëtzebuerger Häre wor et e gudden Tournoi, trotz Defaite am leschte Match. Deen hu se knapp géint Däitschland verluer, dat mat 2-3 (25:19, 25:23, 15:25, 23:25).

Duerch hier 3-2-Victoire géint déi franséisch Equippe aus Calais (21:25, 25:23, 25:20, 17:25, 15:12) um Samschdeg konnte si sech berechtegt Hoffnungen op e Succès beim Novotel Cup 2014 maachen, mä dat ass schlussendlech dann awer sou just net duergaang.

Fir d'Damme gouf et näischt ze feieren. Si kommen duerch eng Defaite am drëtten a leschte Match op déi leschte Plaz.
Um Sonndeg Nomëtten verléiert d'Equippe vum Detlev Schönberg mat 0-3 géint Aserbaidschan (15:25, 23:25, 19:25).
No der Defaite géint Terville-Florange e Freideg haten d'Spillerinnen och déi zweete Partie géint déi däitsch U-17 Nationalequipe mat 1-3 verluer (22:25, 16:25, 25:22 an 21:25).

RTL

Vill Spectateuren haten de Wee an de Gymnase vun de Coque fonnt.

RTL
AUDIO: Novotel Cup: De Resumé vum 2. Dag
Optakt vum internationale Volleyballtournoi
Fir den Optakt vum Tournoi gouw et fir eis Dammenequipe eng défaite geint Terville-Florange. Eis Härenationalequipe gewennt geint Stevens Ducks.